Är Froen. - Ons Äntwerten.
  • 1. Waffenschäin...
  • 2. Mir sinn bestued, mais wunnen nët beienéen ... ?
  • 3. Ass de Schued dén mäin Paerd mecht och matversechert  ... ?
  • 4. Eng bestueten Koppel, béid Polizisten! Zwou Assurancen?
  • 5. Mein Bouf huet mam Fussball eng Fënster a méngem Living zerschoss...?
  • 6. Ech sinn pensioné'ert, sinn awer och an éngem Sché'ssclub...?
  • 7. Ech wunnen fest am Ausland! Zielt ons Assurance RC och an dém Fall...?
  • 8. Ech wunnen mat ménger Frëndin zesummen.! Ass méng Frëndin och am professionellen Beräich ofgesëchert?
  • 9. Mäin Jong ass iwer 27 Joer aal an gët dat next Joer färdeg op der Uni ...
  • 10. Ech hun e Bësch! Kënnt ons Gruppen-Haftpflicht och op wann ... .
  • 11. Ass mäin Jong, dén lo kirzlech aus mengem Haus ausgezunn as, ... .

  • 1. Waffenschäin?

    Ech hun e Waffenschäin ugefroot. Lo krut ech vum Ministère e Bréif zreck, dass ech hinnen misst e Beleg schecken, dass ech eng Haftpflicht ofgeschloss hun wou och d'Verletzungen duerch d'Schosswaffen ofgesechert sin?

    Kéen Problem. Dat ass alles ofgeséchert. Huel däin Extrait vun dem CCPL wou d'Prime "Responsabilité Civile" vum SNPGL ofgebucht gin sinn an dann méchs de eng Photokopie. Daat schécks de mat op den Ministère an. Déi wëssen Beschéd. Sie kruuten den Contract vun onser Assurance erangeschéckt. Dann misst daat klappen

    Back to Top

    2. Mir sinn bestued mais wunnen nët beienéen ... ?

    Mir sinn zënter kuerzem bestued mais wunnen nach nët offiziell beienéen (nët ëmgemellt), well eist Appartement nach nët faerdeg ass. Sinn ech duerch méngem Mann (Polizist) séng Assurance (SNPGL-AXA) mat verséchert?.

    Jo! D'Liaisoun vum Bestiednis stét iwert der Formalité't vum Unmellen! 

    Back to Top

    3. Ass de Schued dén mäin Paerd mécht och mat versechert ... ?

    Jo! De Schued dén vun de Paerd gemaach get ass och verséchert! Jhust Concourspaerd am Zesummenhang mat Déplacementer/Tournois sinn nët verséchert!

    Back to Top

    4. Eng bestueten Koppel, béid Polizisten! Zwou Assurancen?

    Ech sinn Polizist, méng Fra och. Mir sinn béid am aktiven Déngscht. Mussen mir zwou Assurancen hun?

    Jo. An dém Fall mussen et zwou separat Assurancen sinn, well déi 2 Partner éenzel fir de Waffengabrauch mussen assuré'ert sinn.

    Back to Top

    5. Mein Bouf huet mam Fussball ang Fënster a méngem Living zerschoss...?

    Ech wunnen an éngem vum Staat gelounten Haus (kéng Déngschtwunneng). Mein Bouf huet mam Fussball eng Fënster a méngem Living zerschoss. Kent eis Haftpflicht dofir op?

    All Lokatäir ass verpflicht eng "Assurance Risque Locatif" ze machen. Déi versechert dem Lokatär seng Responsabilitét betreffend Feier, Wasser an Glasbroch an déi Versecherung kënnt fir de Schued op, an nèet d'Haftpflicht. Aanescht ass d'Situatioun, wann et sech ëm dem Noper séng Fënster handelt, dann kënnt R.C. op!

    Back to Top

    6. Ech sinn pensioné'ert, sinn awer och an éngem Sché'ssclub...?

    Ech sinn pensioné'ert, sinn awer och an éngem Sché'ssclub. Muss ech do bei der Assurance den hé'geren Betrag bezuelen, wéi déi Aktiv..?

    E pensioné'erten Kolleg, dén Gebrauch vun énger Waff mecht, op am Club oder dohém, muss fir verséchert ze sin, déi deier Versecherung bezuelen!

    Back to Top

    7. Ech wunnen fest am Ausland! Zielt ons Assurance RC och an dém Fall...?

    Ech sinn pensioné'ert, wunnen am Ausland! Zield d'Assurance RC och an dém Fall wou en Schued am Ausland entstéht ...?

    D'Assurance déckt nëmmen déi Persounen déi an Lëtzebuerg wunnen. An dém Moment, wou eng Persoun an éngem aaneren Land wunnt, sinn d'Taxen vum dém Land ze bezuelen an d'Gesetzer vun dém Land zielen. Dës Memberen hun Interessi fir sech iwert eng Assurance "Responsabilité Civile Familiale et Privé" an dém Land wou se wunnen ze informé'eren.! D'Garantie fir den "Usage d'Armes" gëtt och nët vun onser Assurance gedeckt!

    Back to Top

    8. Ech wunnen mat ménger Frëndin zesummen.! Ass méng Frëndin och am professionellen Beräich ofgesëchert?

    Ech wunnen zesummen mat menger Frendin an eisem Appartement zesummen. Ass méng Frëndin mat versechert, wann him eppes op der Arbecht geif passeieren, also alles waat an sengem profesionnellen Beräich kéint virkommen.

    Kéen Problem waat zesummenwunnen betrëft, mais de professionellen Beräich ass NET ofgedeckt. D.h. déng Frëndin soll sech informé'eren op d'Geméng wou et Schoul hällt eng Assurance huet, waat normalerweis misst de Fall sinn. Fir ganz sécher ze sinn soll déng Frëndin eng "Assurance enseignants" maachen. Déi kascht nët vill, mais et kann roueg schlofen.

    Back to Top

    9. Mäin Jong ass iwer 27 Joer aal an gët dat next Joer färdeg op der Uni ...?

    Mäin Jong ass iwer 27 Joer aal an gët dat next Joer färdeg op der Uni. Ech kré'en kéen Kannergeld méi well hien iwer 27 Joer huet. Ass hien awer nach duerch méng Haftpflicht versechert?

    De Student ass esou lâng iwert d'Haftpflicht vum Papp verséchert, wéi hien bei séngem Papp wunt an Ugemellt ass. Et gët do kéng Limit am Alter.

    Back to Top

    10. Ech hun e Bësch! Kënnt ons Gruppen-Haftpflicht och op wann ... ?

    Ech hun e Bësch! Kënnt ons Gruppen-Haftpflicht och op wann Schued duerch en Baam entsteht, dén ëmmfällt?

    D'Haftpflichten kommen fir en Schued op, Béem oder Gesträiss, déi op den Dependenzien vum Wunnhaus leien, Schued maachen! Iwert eng Separatassurance vun zirka 20 € am Joer, kënnen Privatbëscher am Bezuch op Schied, déi durch Béem dé' ëmfaalen, versëchert gin!

    Back to Top

    11. Ass mäin Jong, dén lo kirzlech aus mengem Haus ausgezunn as, ... .?

    Ass mäin Jong, dén lo kirzlech aus mengem Haus ausgezunn as, nach ennert de Versécherungsschutz vun menger RC? Hien as nach Jonggesell, as Privatbeamten an wunnt an engem Appartement vun mir hei zu Letzebuerg. ?

    All Memberen vun der Famill sin durch eis RC versechert. Kondition: se mussen ennert engem Dach wunnen. Also misst de Jong en neien Kontrakt ofschliessen.

    Back to Top

    SiteMap here - © by SNPGL.LU 2005