Léif Kolleginnen a Kollegen
Firwat eng Assurance Protection Juridique?
De comité vum SNPGL gët regelméisseg vun iech drop ugeschwat, fir d’Käschten vum Affekot ze iwwerhuelen wann een e Problem an der Verwaltung huet, an déi Affär wëllt op dem Tribunal Administratif tranchéiert kréien.
Dozou muss en emol fir d’éischt soen, datt vun deene 55 € déi dir pro Joer bezuelt, dem SNPGL no Iwwerweisung op den SPFP an d’CGFP nach 12 € iwwreg bleiwen. Dir kënnt iech also virstellen, datt et onméiglech ass, d’Käschten vum Affekot ze iwwerhuelen, wann een vun wéinstens 3.000 bis 5000 € Käschten pro Affär ausgeet.
Dofir hu mir eis mat der DAS zesummegesat, fir ze kucken, ob d’Méiglechkeet besteet, fir eise Memberen e bëssen entgéint ze kommen, wann si esou eng Assurance ofschléissen wëllen.
Déi assurance protection juridique déi ’DAS ubitt, ass fir Problemer am Déngscht awer och fir Problemer am Privaten.
Et ginn 3 Formulen ugebueden:
- Fir Familien (bestued oder gepacst)
- Fir Jonggesell(inn)en
- Fir Pensionéierter
Déi generell Konditiounen kënnt dir um Internet-Site vun der DAS noliesen. De Link fann dir hei, op eisem Site.
D’Assurance kascht de Moment tëschent 220 an 260 € pro Joer.
Déi Reductioun, déi mir vun der DAS kréien, hänkt vun der Unzuel vu Memberen of, déi iwwert eis eng Assurance ofschléissen. D’Reductioun, déi tëschent
15 % an 25 % läit, gët op den 01. Januar vun all Joer festgeluecht.
Wann dir schon eng Assurance bei der DAS hutt ass et awer och méiglech vun dem finanziellen Avantage ze profitéieren.
An der Praxis fonctionnéiert dat ganzt folgendermoossen:
Dir schéckt e mail mat Hëllef vun dësem Fomulaire [Ufrô fir en Kontakt mat der D.A.S.] bei ons eran.
Mir ginn déi mail dann weider un ’DAS’ (domadder confirméieren mir, dat den Demandeur och Member vum SNPGL ass an seng cotisatioun SNPGL bezuelt huet).
Duerno gitt dir vun engem Mataarbechter vun der DAS kontaktéiert fir an engem perséinleche Gespréich all Detailer vum Kontrakt ze klären. Den Kontrakt gëtt tëschent iech an der DAS ofgeschloss. Den SNPGL ass do net mat dobäi.
Wann nach Froen sinn kënnt dir mech um 4997-6318 uruffen. Wann dir net u mech kommt, dann rufft Dënschdes moies um Sekretariat (4997-2177) un.
Den Comité vum SNPGL bitt iech heimatter eng Hëllef bei ären administrativen a privaten Problemer un.
Déi Offer gëllt vir alleguerten d’Memberen vum SNPGL, egal wéi eng Carrière.
RESSEL Albert.
Ufrô fir en Kontakt mat der D.A.S. ze kréien.
Mail a Froen un "D.A.S.-SNPGL"
Home-page D.A.S. auf Deutsch (hier klicken) 