Presse RTL.lu: Weder Objektivitéit, nach Transparenz Police-Audit: CSV kritiséiert, Regierung reagéiert

Och mat de Gemengen wier net geschwat ginn. Dat sinn déi grouss Kritikpunkten, déi d’CSV iwwert de Police-Audit huet a wéi e presentéiert gouf.

© Sam Bouchon / RTL

D’CSV fuerdert, datt d’Deputéiert onbedéngt missten de GANZEN Audit kréien, fir serieux doriwwer diskutéieren ze kënnen. A fir d’CSV fuerdert dat keen aneren wéi de Michel Wolter. Deen an dëser Saach jo direkt e pur Kapen op huet: déi vum fréieren Inneminister, deen d’Police an d’Gendarmerie zesummegeluecht huet, déi vum Buergermeeschter an eben och op dësem Dossier Spriecher vun der Fraktioun. En interessante Comeback, niewebäi gesot.

Datt de Michel Wolter Inneminister war koum besonnesch op deem Kritik-Punkt eraus, datt fir den Audit net mat de Gemenge geschwat gi wier. En eklatante Mangel, nennt dat de Buergermeeschter Wolter, et wier net een eenzegt Gespréich mam Syvicol geféiert ginn. Hie wéilt gär gesinn, mat wiem iwwerhaapt geschwat gouf, kann hien awer net, well den eigentlechen Audit geheim gehale gëtt.

Als fréieren Inneminister wéilt hien och gär gesinn, ob op deene 400 Säiten ee Bilan gezu gouf iwwert d’Reform vun 1999. Wéi kann een e Corps reorganiséieren, ouni ze kucken, wat de Gesetzgeber eigentlech viru 15 Joer wollt an ob et erreecht huet oder net.

1999 – déi Joreszuel ass méi dacks erëmkomm, also dat Joer wéi de Michel Wolter nach Inneminister war an d’Proximitéit grouss geschriwwen huet an der neier Police. Eng Proximitéit, déi elo geaffert géif ginn, ouni datt ee genee wéisst firwat. Duerfir d’Fuerderung, datt d’Deputéiert de GANZEN Audit a net nëmmen e Resumé solle gesinn. Wat huet de Minister ze verstoppen?

Déi ganz Diskussioun wier elo scho vergëft an dofir insistéiert d’CSV, dass den Audit den Deputéierten zur Verfügung gestallt gëtt. Den Ament kéint kee sech eng objektiv Meenung bilden.

De Michel Wolter insistéiert par ailleurs, d’CSV wéilt positiv a kreativ matschaffen, bei enger Reform vun der Police. Mä alt erëm: et misst ee scho wëssen, wat d’Prämisse wieren, wien um Audit matgeschriwwen huet a wat dra steet.

De Minister Dan Kersch reagéiert esou op Facebook:

 

Et brauch e schons e Stéck Culot fir, wéi elo d’CSV, als Partei während Joëren e Ministär ze besetzen deen d’Police ënnert sech huet, joërelaang neischt Positives ze bewierken, am Géigendeel, einfach „Gottes Waasser iwert Gottes Land laafen ze loossen“ bis dass d’Koar ganz déif am Dreck léit, an dann denen, déi sech em de Problem wëllen këmmeren, Lektiounen ze erdeelen. Il faut le faire!

Dobéi woar den Här Wolter selwer Minister, an huet den schlechten Zoustand vun der Police als Administratioun mat ze verentwerten. Wann hien a seng Noofolger (alleguer CSV -bis zur neier Regierungsbildung ouni CSV) hier Arbecht anstänneg gemaach hätten, da bréichte mär haut iwerhaapt keen Audit. D’Police, an déi vill Beamten, déi hier schwéier Arbecht all Daag anstänneg maachen, hätten et effektiv verdingt gehaat, dass een sech méi em si bekëmmert.

Den Här Wolter spillt hei Don Quichote, rennt oppen Dieren an, sprengt virun de Woon, fir sech haneno selwer op d’Schëlleren ze klappen.

Wann ët him em d’Saach ging goën, giff hien emol ofwoarden, wéi déi Reform soll ausgesin, wou nach vill Akteuren musse gehéiert gin (an et ass nach ni eppes anescht gesoot gin) éier können Konklusioune gezunn ginn.

Mee bon, den Här Wolter huet sech wuel geduecht Angriff ist die beste Verteidegung. Well deen Audit och sein Versoën kloër dokumentéiert, gëtt elo behaapt, den Audit giff neischt daachen. Dobéi huet hien en, wéi en selwer seet, mol nach nach nët ganz gelies. Waat een duerchsichtegen Politzirkus!
De Policeminister Etienne Schneider wëll den Deputéierten eng Méiglechkeet ginn, den ëmstriddene Police-Audit am Ministère ze liesen. Dat sot hien op RTL-Ufro.

Dat ass also eng kleng Ouverture an Direktioun méi Transparenz. D’Deputéiert dierften dann wéi d’Police-Gewerkschaftler den Audit am Ministère studéieren, missten awer bestëmmte Konditiounen anhalen.

Wat d‘ CSV-Kritk ubelaangt, den Auditeur hätt jo guer net mat de Gemengen a mam Syvicol geschwat, do seet den Etienne Schneider, d’Problemer wieren elo emol gesammelt ginn, géifen an Aarbechtsgruppen analyséiert ginn.

D’CSV hat jo efuerdert, d’Deputéiert missten den Audit en nature gesinn, fir uerdentlech driwwer diskutéieren ze kënnen. Den Etienne Schneider refuséiert ëmmer nach, den Audit integral public ze maachen. Hien hätt de Polizisten Confidentialitéit zougeséchert, doru géif hie sech halen. An aus Sécherheetsgrënn kéint een net d’Schwaachstell vum Police-Apparat divulgéieren.

 

Source: RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen