Gemengen si géint d’Ofschafe vun de „commissariats de proximité“
Konzernéiert Gemengen si géint d’Ofschafe vun de „commissariats de proximité“, sou wéi dat an der Police-Reform virgesinn ass. Op der Réunioun tëscht Gemengen an der Policegewerkschaft SNPGL wor een sech driwwer eens, datt een am Virfeld mat de Buergermeeschter hätt missten driwwer diskutéieren.