D’Generalversammlung vun der Policegewerkschaft e Mëttwoch den Owend zu Walfer war de Gros vun der Zäit eng roueg, bis mam virleschte Punkt vum Ordre du jour dach nach, wéi erwaart, Musik dra koum. Et goung dunn nämlech ëm d’Ausschléissen, de Statute vun der SNPGL no, vu 6 vun hire Memberen.
Dem Ex-Generalsekretär Christian Pierret gouf virgehäit, dass hien de President Pascal Ricquier hätt wëlle stierzen, wat him awer net gelonge wär. Den neie Generalsekretär Jérôme Banchieri huet an deem Kontext vun engem versichte Putsch a vun Intrige geschwat. Hien huet sengem Virgänger och reprochéiert, als LSAP-Member e geféierlecht Spill gespillt ze hunn, andeems deen zejoert sot, et géif mam Ministère fir bannenzeg Sécherheet vum Etienne Schneider keng Problemer méi ginn a Saachen Audit.
„Ech mengen et ass iergendwann eng Kéier un der Zäit ze verstoen, wann een näischt méi ze soen huet. Ass dat kloer?“
Mat deene Wierder vum Jérôme Banchieri un d’Adress vum ASPOL-President Jean-Jacques Langers, deen also net méi zu Wuert koum, goung den Owend am Duercherneen op en Enn. Do virdrun hat den aktuellen SNPGL-Generalsekretär erkläert, et hätt ee laang net op d’Faite vu verschiddene Leit reagéiert a wär een net géint aner Associatioune virgaangen, ma elo wär Schluss.
Jérôme Banchieri: Mëtt Juli 2015 si Rumeuren opgetaucht, dass onse President, de Pascal, kuerz virum Burnout géing stoen. Déi Rumeure sinn an d’Welt gesat ginn duerch de fréiere Secrétaire général. Ech fannen dat scho staarken Tubak. Ier de Pascal an d’Vakanz gefuer ass, huet hien dem Christian, fréiere Secrétaire général, gesot hie soll ophale sou Saachen ze verbreeden, well e Burnout wier eng schlëmm Saach an domat wier net de Geck ze maachen. Den Här Pierret hat och versprach domat opzehalen, wat hien awer während dem Pascal Ricquier senger Vakanz net gemaach huet. A vill Leit hu sech gemellt fir ze froen, wéi et eisem President géing goen.
Dat wär den Ufank vun der Taktik vum Christian Pierret gewiescht. An engem diskreditéierende Bréif vun där laang geplangtener Gewerkschaft ASPOL wär och dovu Rieds gaangen, dass d’SNPGL d’Relatioune mam Minister gekappt hätt. Fir de Jérôme Banchieri hätt eng Gewerkschaft awer onofhängeg ze si vun der Generaldirektioun a vun der Politik.
Jérôme Banchieri: Ech froe mech éierlech gesot, ob déi Grënnung vun der ASPOL net eng perséinlech Rancune géint den SNPGL ass.
Dofir sollten déi 6 Leit net méi Member vun der Policegewerkschaft sinn, eng SNPGL, déi genee 2.183 Memberen hätt, géintiwwer de ronn 20 vun der ASPOL, déi domat keng Representativitéit hätt. Iwwregens dierft d’Resultat vum Vote iwwert d’Ausschléisse vun deene 6 um Donneschdeg nogereecht ginn.
Ma dës Divergenze waren net déi eenzeg Faite vum Owend: Et gouf z.B. och vun engem mouvementéierten an ustrengende Joer fir d’Gewerkschaft geschwat…
Ënnert anerem hätt een zejoert 10 Entrevuë mat der Generaldirektioun gehat, sou de Jérôme Banchieri, deen op d’Kritik vun Eenzelnen agaangen ass…
Jérôme Banchieri: … dass mir zevill aggressiv wieren, dass den Toun net ubruecht wier.
Et hätt een domat awer eppes erreecht! Op der Strooss géife Polizisten ëmmer méi dacks d’Affer vu Gewalt ginn, an et géif elo duergoen.
Jérôme Banchieri: D’Mooss ass voll! Den SNPGL mécht den Appel fir dass d’Gesetzer geännert ginn. Eng Persoun déi e Polizist ugräift a verletzt muss verhaft ginn a virgefouert ginn.
Och de President Pascal Ricquier huet bedauert, dass Beamte géifen ugegraff ginn, awer näischt geschéie géif.
Eng Fro dann ass déi, ob sech d’Polizisten un d’Policegesetz oder un dat iwwert de Statut vum Fonctionnaire ze halen hunn.
Jérôme Banchieri: Mir haten der Generaldirektioun ugeroden déi zwee Gesetzer net mateneen ze vermëschen. Dat ass awer leider gemaach ginn an elo steet de ganze Buttek. Et geet näischt méi.
Dobäi misst d’Police sech un ee Gesetz halen!
Wat d’Déngschtwaff betrëfft, hätt d’Policegewerkschaft dem Jérôme Banchieri no am Nachhinein Recht kritt.
Jérôme Banchieri: Am Ofschlossbericht vun deem Groupe de Travail si genau déi Problemer erkannt ginn, déi mir 2011 schonns niddergeschriwwen haten an net den Discours vun eiser fréierer Generaldirektioun.
Um Niveau vum Audit an den Aarbechtsgruppen dozou géif net alles riicht lafen, huet de Generalsekretär betount. D’Integréiere vun de SRECen an d’Police judiciaire géif z.B. der Aarbecht a Saachen Drogekriminalitéit entgéint lafen. Net frou ass een donieft doriwwer, dass de Justizminister géint de sougenannte Platzverweis wär.
Jérôme Banchieri: Anscheinend well dat fir den Här Braz en „no-go“ ass a well mir dee jo awer net brusquéiere wëllen. Eh bien, Här Minister Braz, mir als Personalvertriedung vun deem gréissten Deel vun de Polizisten hoffe staark, dass déi vun deem Aarbechtsgrupp ausgeschaffte Lëscht an hirer Integralitéit an ouni falsch Tabuen diskutéiert gëtt an dës laang iwwerfälleg Moossnamen endlech agefouert ginn.
D’Poliziste bräichten nämlech Rechtssécherheet an en uerdentleche Kader, ouni deen e sënnvollt Schaffen net méiglech wär, sou de Jérôme Banchieri.