CGFP
„Zesumme géint weidere Sozialofbau am ëffentlechen Déngscht“
Den Dan Kersch bleift, trotz de Reprochen optimistesch, datt Regierung an CGFP sech an de Verhandlungen iwwert den neie Gehälteraccord nach eens ginn.

„Zesumme géint weidere Sozialofbau am ëffentlechen Déngscht“, den Appell vun der Staatsbeamtegewerkschaft en Donneschden den Owend.
D’Regierung géif sech ëmmer méi wéi ee Patronatsvertrieder behuelen. An d’Bëtschel wier elo fett, sot de Romain Wolff. Ëmmer nees hätten d’Staatsbeamten an de leschte Joeren hire Kapp duergehalen an awer hiren Déngscht um Bierger erfëllt. Trotzdem wier Sozialofbau um Bockel vun der Fonction Publique bedriwwe ginn.
De Ball léich elo nees bei der Regierung. Sollt déi awer net reagéieren, misst een mat weidere gewerkschaftlechen Konsequenzen rechnen, esou de Romain Wolff.

E Méindeg fänken also d’Verhandlungen fir den neien Gehälteraccord un. Wéi schonn en Donneschdeg op RTL Radio Lëtzebuerg, huet den Dan Kersch och e Freideg de Moien nach eemol drop higewisen, dass hien net onbedéngt wëll, dass et eng Nullronn gëtt.