PRESSE RTL.lu Policereform: Nei Generaldirektioun a 25% méi Recrutementer

Policereform

Nei Generaldirektioun a 25% méi Recrutementer

En Donneschdeg huet de Minister Etienne Schneider weider Detailer iwwert d’Policereform presentéiert. Dat no enger leschter Reunioun mat de Gewerkschaften.

Eng leschte Kéier souzen d’Ministere Schneider, Kersch, d’Staatssekretärin Closener an de Policedirekter Schrantz en Donneschdeg de Moie mat de Gewerkschaften zesummen, fir gewuer ze ginn, wat si dann elo vun der geplangter Policereform halen. Ronn 10 Deeg haten dës Zäit, fir sech déi 3 Gesetzestexter duerch ze liesen a sech e Bild ze maachen vun deem, wat op den ëmmerhinn 170 Säite geschriwwe steet. Annerhalleft Joer gëtt ewell schonn un der Reform geschafft, déi d’Ziel hätt, dem Bierger an dem Land eng maximal Sécherheet ze garantéieren, sou de Police-Minister Etienne Schneider, dee mam Resultat ganz zefridden ass.

Reforméiert gëtt zum Beispill d’Generaldirektioun, mat engem Generaldirekter, engem Adjoint, engem Comité directeur mat 4 neien Zentraldirekteren an engem Generalsekretär.

D’Regiounen ginn nach emol vu 6 op 4 rof. A punkto Examen soll Jiddereen, deen e packt, och ugeholl ginn. D'“Commissariats de proximité“ ginn an „Commissariats de Police“ ëmgedeeft an funktionéieren an Zukunft mat 2 Schichten. 413 nei Beamten ginn rekrutéiert, dat ass Plus vun 25 Prozent. „Fir di maximal Sécherheet vum Bierger“, sou de Minister Schneider.

All Kéiers, wann en Attentat am Ausland geschitt, sinn den Haut Commissariat fir déi national Protectioun a soss d’Gremien, déi sech ëm d’Sécherheet vum Land bekëmmeren, mat Police a Geheimdéngschter aus de concernéierte Länner a Kontakt, fir ze kucken, ob et e Lien mat Lëtzebuerg gëtt. Och nodeem wat elo an eise Nopeschlänner geschitt ass, gouf eng Analyse gemaach, sou de Police-Minister, am Kader vun der Presentatioun vun der Police-Reform. Ee präzist Element vun dëser Reform géif grad a Saache Präventioun ganz staark hëllefen, sou den Etienne Schneider.

Den Haut Commissariat wier jo och a stännegem Kontakt mat der Police an et géif reagéiert ginn, wa misst reagéiert ginn, sou den Etienne Schneider, dee präziséiert huet, dass et bei der Police-Reform fir d’alleréischt ëm d’Sécherheet vum Land an de Leit géing goen.

Et war e laangen a schwierege Wee, mä dat hei léist sech elo weisen, sou de Generaldirekter vun der Police, Philippe Schrantz, dës Reform wier nämlech laang iwwerfälleg. Manner euphoresch ass dann awer d’SNPGL, déi gréisste Policegewerkschaft bedauert, dass ee net genuch Zäit gehat hätt, déi 170 Säiten duerchzeliesen. Si hätten awer bis nom 20. August Zäit, hier Avisen eranzeginn. Dem President Pascal Ricquier feelt et awer u Präzisiounen, virun allem wéist ee net, wat alles an déi 7 Règlements grand-ducaux dra stoe kéim.

Sengen Informatioune no wieren déi Reglementer nach net fäerdeg geschriwwen; déi wieren awer wichteg, well se d’Reform um Terrain géinge regelen.

D’Gewerkschafte sollen dann och nach e bësse méi Zäit kréien, hiren Avis iwwert d’Reform schrëftlech eran ze ginn. D’APPJ, d’Associatioun vun de Beamten vun der Police Judiciaire, hunn hiren Accord dem Lëtzebuerger Wort no jo schonns refuséiert.

E Freideg kritt de Regierungsroot déi 3 Gesetzestexter presentéiert.

D’SNPGL huet um Donneschdeg op d’Policereform reagéiert.© RTL Télé Lëtzebuerg / Jeannot Ries

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen