PRESSE RTL.lu Policegewerkschaft gespaant op Numm vun neiem Direkter vu PJ

SNPGL

Reaktioun SNPGL/Reportage Eric Ewald

Gesicht gëtt de Successeur vum Jeff Neuens, dee jo viru ronn annerhallwem Mount op Grond vun deloyalem Verhalen dem Etienne Schneider géintiwwer zréckgetruede war.

De President vun der Policegewerkschaft, Pascal Ricquier, sot am RTL-Interview, dass ee beim SNPGL näischt iwwert déi zukünfteg Spëtzt vun der PJ héieren huet. Et wier ee gespaant, fir ze gesinn, wat de Minister dann elo dozou seet.

No enger leschter Réunioun, Enn Juli mat de Ministeren Etienne Schneider an Dan Kersch sollt d’Policegewerkschaft en Avis zum Avant-projet de loi iwwert d’Policereform schreiwen. Beim SNPGL war een Enn August dunn iwwerrascht, wéi an der Chamber de Projet de loi iwwert déi Reform vun der Police deposéiert gouf; dora wären och eng ganz Partie Saache geännert gewiescht.

Tëscht Enn September a Mëtt Oktober wëll den SNPGL säin Avis zum Projet de loi iwwert d’Policereform fäerdeg hunn. Vun deem engen zum aneren Text hätten ë.a. Saache geännert, wat de Begleedungscomité zur Reorganisatioun vun der Police judiciaire ugeet; domat war ee bei der Policegewerkschaft net d’accord:

Am Moiesjournal vun RTL Radio Lëtzebuerg gi mer da mam President a mam Generalsekretär vun der Policegewerkschaft op där hir Positioun zur Policereform an.

 

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen