Verwaltungsgeriicht
Ee Policeschüler huet am September zejoert bei enger Vereedegungszeremonie fir nei Polizisten den Eed net dierfen ofleeën
De jonke Mann hat säi Statut entzu kritt, well et zanter dem Februar en Dossier géint hie gouf. Dat hat mat enger Kläpperei ze dinn, déi de jonke Mann a sengem zweete Joer op der Policesschoul hat: Am Verlaf dovu wär ë.a. e Messer zum Asaz komm.
Hire Client hat wuel e Messer bei sech, sot seng Affekotin, mä wär op der Policeschoul ni opgefall; dofir huet sech d’Me Lisa Wagner gefrot, ob de Mandant op Grond vun engem Fait sou sollt bestrooft ginn. De jonke Mann wär virun 20 Méint mat Kollegen an d’Stad gaangen an no engem Diskobesuch provozéiert ginn. Hien hätt probéiert ze deseskaléieren, wär awer agresséiert an zesumme geschloe ginn; Zeien no wär hie souguer vu sech gewiescht. Nawell hätt d’Police e Procès-verbal géint hie geschriwwe wéinst versichtem Doutschlag; an der penaler Affär wär nach näischt decidéiert, soudass d’Présomption d’innocence gëlle misst, sou séng Affekotin.
Zwee Méint dono gouf de Mann gehéiert, a bis August wär näischt geschitt, ier hien op eemol gesot krut, hie krit de Statut ewechgeholl. Am September wär hien op d’Vereedegung gaangen, wou hie gesot krut, dass et net dozou géif kommen; wär hien nämlech vereedegt ginn, hätt hien direkt misse suspendéiert ginn, huet d’Me Wagner betount. De Client hätt elo keng Pai a wéisst net, wat hie maache sollt, well hien ni eng aner Iddi gehat hätt wéi déi, Polizist ze ginn. D’Affekotin huet vun engem Alpdram geschwat, well de Mann säi Beruff refuséiert krut; d’Informatiounspolitik vum Ministère wär och skandaléis gewiescht. D’Decisioun, fir him de Statut z’entzéien, wär net justifizéiert, well se op falsche Faite beroue géif; de Mann hätt wuel gedronk, ma et wär keen Alkoholtest gemaach ginn, an hien hätt probéiert, dem Sträit aus de Féiss ze goen.
Fir de Vertrieder vum Staat sinn d’Faiten dogéint etabléiert an hätt de Minister déi richteg Decisioun geholl. Vum Mann, deen nach net Polizist war, wär e gewësst Verhale verlaangt; ë.a. hätt hien och a senger Fräizäit den Alkoholkonsum a Grenzen ze halen, well hie ronderëm d’Auer Polizist wär. Et wär keng gutt Iddi fir en zukünftege Polizist, e Messer bei sech ze hunn; dat géif beweisen, dass déi néideg Maturitéit feelt. Et wären also e puer Faiten zesumme komm, fir déi Decisioun ze huelen, déi richteg war, sou de Vertrieder vum Staat.
D’Uerteel an dëser Affär dierft an den nächste Woche falen.