PRESSE RTL.lu Etienne Schneider iwwer nei Erausfuerderungen an der Arméi

Invité vun der Redaktioun (12. Januar)

D’Missiounen vun der Arméi sollen an Zukunft changéieren: Manner Gestioun vu Krisen, dofir méi national Defense.

 

 

 

 

 

 

 

D’Lëtzebuerger Arméi muss sech neien Erausfuerderunge stellen, well d’Krisen an der Welt hu sech geännert, an dat bréngt Changementer mat sech, wéi de Verdeedegungsminister Etienne Schneider um Donneschdeg de Mueren am RTL-Interview ënnerstrach huet. Zum Beispill am Kader vun de NATO-Missiounen, wou Lëtzebuerg zum Beispill vun dësem Joer un, bei Manöver a Litauen matmécht.

Friddensmissioune bleiwen awer weiderhin e Bestanddeel vun der Aarbecht vun der Lëtzebuerg Arméi. Déi nei Ausriichtung huet awer net direkt mat der Terrormenace ze dinn, hei ass souwisou virgesinn, datt d’Lëtzebuerger Arméi am Land selwer zum Asaz kënnt, soubal de Niveau d’Alerte um zweethéchste Grad ukomm ass.

Ma, och déi sougenannten „Cvybersecurity“ ass eng nei Erausfuerderung. Computerattacke kéinten zum Beispill ganz Stroumreseaue vu Länner ausschalten. Dowéinst goufen zwee Experten an där Matière agestallt.

Allgemeng gëtt ëmmer méi héichmodernt Material bei der Arméi gebraucht a méi Spezialisten. Wat de Rekrutementsproblem ugeet, do ass den Etienne Schneider optimistesch. Déi verschidde Mesuren, déi lancéiert goufen, géifen nämlech gräifen: wéi zum Beispill d’Preparartioun-Coursen op d’Musterung.

Ma an de sozialen Netzwierker wëll een awer nach méi präsent ginn, fir weider Jonker unzeschwätzen

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

 

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen