Policereform
Abréch, Drogekriminalitéit, Aggressioune géint Uniforméiert an am ëffentlechen Transport an och d’organiséiert Heescherei…
Alles dat géif dozou bäidroen dass d’Sécherheetsgefill vun de Leit de Moment hei am Leit net immens héich wier. D’CSV fuerdert an enger Motioun, de sougenannte „Platzverweis“ an d’Policereform mat anzebezéien. Méi Personal fir d’Police gouf nach gefuerdert, an d’Pecherte sollen d’Policeaarbecht besser kënnen ënnerstëtzen.
De Leon Gloden vun der CSV, behaapt, dass d’Regierung sech hirer Verantwortung an dem Dossier entzitt. Fir d’CSV misst op verschidden Niveauen agéiert ginn. Wann déi ëffentlech Uerdnung duerch d’Feelverhale vu Vereenzelte géif gestéiert ginn, missten d’Polizisten déi néideg Mëttele kréien, fir kënnen anzegräifen. Wann d’Schwätze näischt géing déngen, da misst d’Staatsgewalt op diverse Plaze kënnen agräifen a noutfalls och Leit aus dem Verkéier zéien. D’CSV géif sech mat Ënnerstëtzung vun der Stater Buergermeeschtesch dofir asetzen, fir dass de Platzverweis mat an d’Gesetzestexter ageschriwwe gëtt, esou de Léon Gloden.
D’CSV ass mat der Fuerderung nom Platzverweis net eleng, d’DP an d’ADR hunn d’Approche ënnerstëtzt.
Déi Gréng an d’LSAP hunn, wat d’Sécherheet hei am Land betrëfft, betount, dass dat subjektiivt Sécherheetsgefill dacks méi schlecht ass, wéi d’Realitéit. D’Kriminalitéit hei am Land wier nämlech zeréck gaangen. Och fir de gréngen Deputéierte Claude Adam ass d’Sécherheet hei am Land besser wéi gefillt, als Beispill gouf mat enger Inderin argumentéiert, déi viru kuerzem hei am Land war. Si war an engem gudden Hotel an der Stroossbuerger Strooss logéiert an op d’Nofro, op se d’Ëmwelt vun hirem Hotel net bedenklech an Onsécher géif fannen, sot si, datt si eng hallef Stonn virum Hotel op ee gewaart hätt. An där Zäit hätt si gutt kënne gesinn, wéi den Drogenhandel an deem Quartier géing funktionéieren a floréieren. Ma Onsécher hätt si sech doduerch net gefillt.
Der DP geet d’Policereform par konter net wäit genuch, fir si wier de Platzverweis sënnvoll, sou den DP Deputéierte Max Hahn. Et gëtt net eng Mesure, mat där een d’Kriminalitéit diminuéiere kann, ma et ass méi en Zesummespill vun eenzele Mesuren. Do denkt de Max Hahn un de Plazverweis un d’Erweider vun de Kompetenze vun den Agents Municipaux an d’Iwwerdenke vun der repressiver Drogepolitik.
Fir de Minister fir Sécherheet Etienne Schneider vun der LSAP bréngt de Platzverweis näischt, et wier jo just, fir d’Heescherte vun enger Plaz op déi aner ze verjoen. Hie géif sech net wuel villen, wann d’Regierung géif Mesuren huelen, fir déi Äermst vun den Aarmen duerch d’Stad ze joen, wat zum Schluss och näischt bréngt.
Tëscht de Majoritéitsparteien ass ee sech an der Fro Platzverweis also net eens. Der CSV hir Motioun gouf elo an déi zoustänneg Kommissioun geschéckt, an 3 Méint soll se dann nach eng Kéier um Ordre du Jour vun der Chamber stoen.