PRESSE RTL.lu Policegewerkschaft a Rout Kräiz iwwer de Platzverweis

Leit um Terrain

D’Diskussioun iwwert de „Platzverweis“ ass zanter der leschter Woch relancéiert.

25.01.2017, 07:30:11

De Ressortminister Etienne Schneider wëll net, wéi en an der Chamber sot, déi „Äermst vun deenen Aarmen duerch d’Stad joen“ a schwätzt vun enger falscher Mesure. Den Terrain gesäit d’Situatioun allerdéngs anescht. RTL huet mat Vertrieder vun der Croix Rouge an der Policegewerkschaft geschwat.

Den SNPGL fuerdert zanter Jore schonn, fir mam „Platzverweis“ méi eng efficace Handhabung um Terrain ze kréien. E Wonnermëttel wier et sécher net, seet de Gewerkschaftspresident Pascal Ricquier. De wierkleche Problem vun de concernéierte Persoune géif och net domadder geléist. Ma de „Platzverweis“ wier awer e Moyen, fir d’Situatioun op enger gewëssener Plaz ze deseskaléieren.
Dat, wat d’Gesetz lo zouléisst, géif entweder ze wäit goen oder net wäit genuch.

Firwat d’Politik net dru geet, kann de President vun der Gewerkschaft Pascal Ricquier beim beschte Wëllen net verstoen. D’Police kéint jo awer net Sans-Abrien aspären, just well déi enzwousch roueg sëtzen. Dofir wier ee Platzverweis gutt. Aner Länner hätten et an et géif funktionéieren.

Ganz nuancéiert argumentéiert och de Gilles Dhamen, den Direkter vum Service „Solidarité nationale“ vun der Croix Rouge. Och hien ass net kategoresch géint de „Platzverweis“, och wann dat eleng awer sécher net géing duer goen. Et kéint d’Situatioun scho kuerzfristeg veränneren an d’Leit géinge sech méi sécher spieren. D’Croix rouge ass an deem Sënn gewëllt, nach méi systematesch mat der Police zesummenzeschaffen. Eng laangfristeg Léisung vum Problem kann dem Gilles Dhamen no nämlech nëmmen da fonnt ginn, wann déi sozial Mesure gestäerkt ginn. Anescht géifen d’Sans-Abrise wierklech just vun enger Plaz op déi aner verlagert ginn.

 

 

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen