Invité vun der Redaktioun (9. Februar)
Invité en Donneschden de Moien um 10 op 8 war de Justizminister Felix Braz.
De Justizminister Felix Braz war en Donneschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Dee Mëtteg gëtt an der Chamber jo d’Reform vum Nationalitéitegesetz debattéiert. Hei am Land wunne 47 Prozent Auslänner, Tendenz steigend. Vereinfachen a motivéieren ass d’Zil fir méi Abiergerungen z’erreechen.
Op dat geplangte Burkaverbuet ugeschwat, wollt de Felix Braz näischt soen. Bannent 5 bis 6 Wochen, wann en Text um Dësch läit, soll et do Detailer ginn. Hie wéilt Commentairen net kommentéieren, also och net, ob et eng 180 Grad Kéier vun der Regierung wär. Et kéint een iwwert de Verbuet mat vill Emotiounen diskutéieren oder mat Verstand. Hie schwätzt och léiwer vun engem „Vermummungsverbot“, doriwwer géif d’Regierung diskutéieren.
En Donneschdeg de Mëtteg ass de Platzverweis mat enger Motioun vun der CSV an der Chamber och e Sujet. D’Regierung hätt do just eng Positioun. De Platzverweis kënnt net. D’Strummerte wären eng sozial Fro, deemno bräicht ee sozial Léisungen.