Justiz däerf sech net an Organisatioun vu Police amëschen
Eng ronn 100 vun 2.200 Membere waren e Mëttwoch den Owend op der Generalversammlung vun der Policegewerkschaft SNPGL präsent.
An do gouf et op en Neits ferm Kritik un der Policereform.
Wéi et geheescht huet, géifen d’Stagiairë finanziell däitlech méi schlecht ewechkommen. An deene verschiddene Carrièrë géifen déi betraffe Leit während hirer Ausbildung, déi iwwer 3 Joer geet, tëscht 13.000 a 37.000 Euro manner verdéngen.
D’Amëschung vun der Justiz an d’Organisatioun vun der Police dierft net sinn. D’Gewaltentrennung misst respektéiert ginn, esou de President Pascal Ricquier.
Dernieft gouf awer och iwwert d’Kompetenze vun der Police geschwat, zum Beispill wat dee sougenannte Platzverweis ugeet.
D’Géigner dovunner hätten net verstanen, ëm wat et der Police dobäi geet, huet de Pascal Ricquier schaarf kritiséiert, mat Bléck op verschidden Deputéierten. De Platzverweis wier net géint Heescherten oder Sans Abrise geriicht, mä villméi géint gewalttäteg Persounen, Hooligans, déi an de Footballstadion wéilten oder Persounen am Drogemilieu.
Generell gouf och nach eng Kéier dorop higewisen, dass d’Police zum Beispill am Fall vun engem Plan Gouvernemental de Vigilance Nationale, deen am Terrorfall kéint declenchéiert ginn, net genuch Personal a Material hätt.