PRESSE RTL.lu Eisebunnergewerkschaft

Syprolux schwätzt sech och fir Platzverweis aus

Domadder ënnerstëtze si d’Policegewerkschaft, déi sech op hirer Generalversammlung nach eng Kéier fir déi Moossnahm agesat huet.

© RTL (Archiv)

De Syprolux schléisst sech der Policegewerkschaft SNPGL un, wat de Plazverweis ugeet. Déi hat jo e Mëttwoch op hirer Generalversammlung sech nees fir dës Mesure ausgeschwat. An den A vun der chrëschtlecher Eisebunnergewerkschaft wier de Plazverweis déi eenzeg effizient Manéier, fir ze verhënneren, datt Clienten an och d’Personal vun der Bunn belästegt ginn.

Och wann de Minister Persoune kéint verwarnen an aus dem ëffentlechen Transport ecartéieren, géifen esou Reegele séier un hir Limitte kommen. Baussen der Gare wier et zum Beispill net méi méiglech. De Syprolux fuerdert dowéinst ee Platzverweis, dee kloer gereegelt wier.

D’Gewerkschaft schwätzt sech och nach emol fir eng Policeunitéit fir de kompletten ëffentlechen Transport aus.

Pressemitteilung SYPROLUX

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen