Martine Solovieff: Kompetenze vum „Juge Unique“ erweideren
De Prinzip vum „Juge Unique“ muss méi breet gefächert a seng Kompetenzen erweidert ginn, dat war eng vun den Aussoe vun der Procureure générale d’Etat.
De Prinzip vum „Juge Unique“ muss méi breet gefächert a seng Kompetenzen erweidert ginn – och muss un de Prozeduren an der Magistratur geschafft ginn, fir datt se méi souple ginn – dat sot d’Procureure générale d’Etat Martine Solovieff e Samschdeg de Mëtteg an der Emissioun „Background am Gespréich“.
Esou wier d’Reform vun der penaler Prozedur amgaangen: Hei missten dann och d’Infraktioune festgehalen ginn, déi vun engem „Juge Unique“ solle kënnen traitéiert ginn. Eleng um Niveau vum Stater Bezierksgeriicht sinn 800 Dossiere fäerdeg a waarden drop fixéiert ze ginn.
Ganz vill Aarbecht hunn d’Geriichter och zanter dem Aféieren vun de Radare laanscht d’Stroossen: Esou sinn eng 40.000 Protokoller an deem Kontext annoncéiert. 28.000 dovunner goufen nach net bezuelt, sou datt d’Geriichter quasi d’Roll vum Dierwiechter mussen iwwerhuelen.
Och op d’geplangt Aféieren via Gesetz vum Burka-Verbued koum d’Martine Solovieff ze schwätzen, mee huet hir Douten un deem Text.
Zefridden iwwert den Oflaf vum Luxleaks-Prozess huet sech d’Martine Solovieff och gewisen, zemools well et e groussen internationalen Drock ginn hätt – datt iwwerdeems de Bommelëeer-Prozess nees opgerullt gëtt…dorunner gleeft d’Procureure générale, och wann et eng ganz schwiereg Enquête wier.
Demandeur fir de Code d’Instruction Criminelle ze änneren war de Parquet, an dat scho virun den Attentater vu Paräis. Dee Gesetzprojet ass um Instanzewee an d’Procureure générale hofft op e séiere Vote dovunner, well domat och d’Lutte géint d’organiséiert Kriminalitéit mam Asaz vun Trojaner, Dekryptéiere vun Internet-Verbindungen an d’Oflauschtere vu Gebaier an Autoe verbonne sinn.