22% manner Abréch, Hausse bei Plaintë wéinst Vergewaltegung
D’Kriminalitéit hei am Land geet erof, freet sech de Police-Minister, deen en Donneschdeg de Moien déi neiste Statistike presentéiert hat.
D’lescht Joer ass e gudde Krack manner an Haiser agebrach ginn, wéi an den 2 Joer virdrun. D’Police notéiert bei den Abréch an Haiser, déi bewunnt sinn, esouguer e Minus vun 22%. Et sinn dann och manner Autoe fort komm: 242 waren et der zejoert, 60 manner wéi 2015. 8 arméiert Iwwerfäll stinn an der Statistik, eng Bijouterie war drënner, soss Caféen an Tankstellen, 14 Fäll gouf et am Joer virdrun.
An der Kategorie Homicides Volontaires ännert sech näischt, all Kéier 5 Faiten, fir 2016 an 2015. Et sinn donieft liicht manner Fäll vu Coups et Blessures Volontaires – Kläppereien zb – opgeschriwwe ginn. 2.851 waren et der, mä just a 569 Fäll konnt d’Affer duerno net schaffe goen.
D’Fäll vu Gewalt, doheem, leien bei 789, dat sinn der nëmmen 13 manner wéi 2015; bei de Plainten wéinst Vergewaltegung klëmmt de Chiffer vun 68 op erschreckend 106. 135 mol gouf d’Police kontaktéiert, wéinst Ugrëff op d’Schimmt, och hei eng Hausse vun 35.
Alles an allem konnt d’Police zejoert a 47% vun de Fäll e Schëllegen identifizéieren, e Plus vun 2%-Punkten, par Rapport zu 2015.
Déi komplett Statistik vun 2016 fann dir um Internetsite vun der Police: