PRESSE RTL.lu Ugeklote brauche beim Prozess keng Handschelle méi unzehunn

Neit Gesetz

Viru 6 Deeg ass e Gesetz a Kraaft getrueden, duerch dat Beschëllegt an engem Prozess fräi virun de Riichter untrieden däerfen.

An der Vergaangenheet hunn Affekoten an enger Rëtsch vu Geriichtsaffäre kritiséiert, dass Ugekloten net konnte fräi virun de Riichter untrieden, dat heescht, dass si Handschellen unhaten. En Dënschden ass awer elo offiziell e Gesetz a Kraaft getrueden, dat dëse Strofrechtler Satisfaktioun gëtt!

Dem President vun hirer Associatioun no hätt ee bis ewell ëmmer geäntwert kritt, d’Décisioun, dass Beschëllegt net fräi virun d’Riichter trieden dierften, léich net an deenen hiren Hänn, mä an deene vun der Police. D’Strofverdeedeger hunn doran awer ëmmer eng grouss Symbolik gesinn, wéi de Me Philippe Penning am RTL-Interview sot.

Ugekloter ouni Handschellen / Reportage: Eric Ewald

Wann Ugekloten Handschellen un hunn, ass dat e Bild, dat fir d’Justiz net richteg ass, erkläert de President vun der „Association luxembourgeoise des Avocats pénalistes“, kuerz ALAP. Dat, well et de Prinzip vun der Présomption d’innocence gëtt, wat bedeit, dass ee soulaang onschëlleg ass, bis e Geriicht een definitiv veruerteelt huet. Dofir sollt kee mat Handschelle virgefouert ginn, fënnt de Me Philippe Penning, deen déi Regelung e puer mol op juristeschem Wee bekämpft huet, ouni Succès. Et wär een am Kontakt mam Justizministère, wou een och e ganz positive Feedback vum Minister Braz kritt hätt, deen dat selwer och als ganz wichteg Symbolik géif gesinn. Um legislative Wee hätt een zesumme mat de Parqueten, den Untersuchungsriichter an dem Ministère en Text op de Wee bruecht, un deem de Statsrot nach gefeilt huet, soudass deen Text wuel vague, dofir awer och gutt ass.

Den Text géif d‘comparution libre nees aféieren. Dësen hätt schonn eng Kéier dra gestanen, ma Mëtt den 1980er Jore wär deen duerch eng Prozedur duerchgestrach ginn. Eis belsch a franséisch Noperen, déi de selwechte System hätten, hätten dësen Text nach. Wat heescht, dass e Beschëllegten am Geriichtssall, bis seng Affär fäerdeg ass, fräi ass an dat dat e Prinzip ass.

Dem Me Philippe Penning no kënnen ënner Ugekloten och emol méi geféierlecher sinn; an deene Fäll misste si vläicht Foussfesselen ukréien, op d’Uklobänk kommen oder zwee Polizisten un hir Säit kréien. D’Strofrechtler wären net géint Ausnamen, ma de Prinzip misst dee sinn, datt ee fräi ass während sengem eegene Prozess.

Fir den ALAP-President ass de grousse Fortschrëtt vum neie Gesetz deen, dass d’Decisioun iwwer Handschellen oder net nees beim Riichter läit. E Riichter wär deen, deen ofweit. De Riichter wéilt sech jo och net soe loossen, e wär virageholl an deemno géif hien dat och net op déi liicht Schëller huelen.

Dobäi kënnt, dass d’Decisioun vum Riichter och muss motivéiert sinn an dass et e Recours géint eng negativ Décisioun gëtt, wat eng Garantie géint Abusen duerstellt, sou de Me Philippe Penning, deen an der Vergaangenheet, wéi d’Police doriwwer entscheed huet, éischter d’Gefill hat, jidderee misst d’Handschellen un hunn.

 

Source RTL.lu

 

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen