Stage-Conditioune beim Staat
D’CGFP wëll, nodeem den Accord salarial ënnerschriwwe gouf, méi fir d’Stagiären. De Minister ass awer konkret: Nei verdeelen, Jo. Méi an d’Enveloppe, Nee.
© RTL (Archiv)
D’CGFP ass net mat de Stage-Conditioune fir nei Fonctionnairen averstanen, déi zanter der leschter Reform vun der Fonction publique a Kraaft sinn.
Gestouss gëtt sech un der Formule, dass de Stagiaire während sengen 3 Joer Stage net 100% vu sengem Loun kritt, mä just 80% an den éischten 2 Joer an 90% am Drëtten.
Genee esou wier et awer am leschtem Accord salarial virgesin, dee schonn an der leschter Legislaturperiod ausgeschafft gouf, vun der Regierung, eben mat der CGFP, sot eis den zoustännege Minister Dan Kersch op Nofro hinn.
Virop refuséiert den Dan Kersch d’Aussoe vun der CGFP, dass et keng fundamental Reorganisatioun vum Stage an der Fonction publique gouf. Et wier dat ëmgesat ginn, wat zesummen mat der CGFP ausgeschafft gouf.
Et ass zu enger Reform vum Stage komm, wéi dat och ausgehandelt gouf, dat iwwer e Reglement, dee schonn 2015 a Kraaft getrueden ass a wou d’Stonne am éischte Joer fir bal all d’Karriären an d’Luucht gesat goufen. Am zweete Joer sinn dann e Minimum u Stonne festgeluecht, déi all Stagiär maache muss.
D’CGFP stéisst sech jo um 80-80-90 System vun de Paien an den éischten 3 Joer vum Stage.
Mä och hei hätt d’CGFP dat esou ënnerschriwwen, an zwar mat der virgëschter Regierung. An de Gespréicher mam Dan Kersch wier dee Sujet op alle Fall net ugeschnidde ginn, obwuel de Minister hinne virgeschloen hat, dat, wat d’Regierung méi an d’Dëppe geheie wollt, fir d’Staatsbeamten ze bezuelen, net linear fir all Karriär ze notzen, mä et spezifesch un déi Beruffsgruppen a Karriären ze verdeelen, déi am Mannste gutt dru sinn.
Dat huet d’CGFP awer an den Diskussiounen iwwer den neien Accord salarial ofgeleent. Wann d’CGFP dat elo awer nei wëll diskutéieren, da muss de ganzen Accord salarial nei diskutéiert ginn.
An och just dann, léisst de Minister mat sech schwätzen. Déi finanziell Enveloppe, déi elo virgesinn ass, wier op alle Fall net méi verhandelbar.
Et war, bis den Accord salarial ënnerschriwwe war, keen Thema. Dono huet d’CGFP déi Jonk entdeckt a wëll elo eng Campagne maachen, seet de Minister. Déi zwou Saachen zesumme géifen net goen. D’Regierung ass net bereet, fir d’Enveloppe, déi elo mam Accord salarial gemaach goufen, z’erhéijen. D’Regierung ass awer bereet, fir driwwer ze diskutéieren, wéi ee se anescht ka verdeelen.
Viru kuerzem hat de Minister dann och eng Entrevue mat de Responsabelen vun der CGFP an do hätt hien hinne dat och kloer gemaach.