PRESSE RTL.lu Police: SREL-Leit hu géint Strof- a Privatrecht verstouss

„Frisbee“-Affär

De SREL hätt dat provozéiert, wat een u sech evitéiere wollt, sou geet et aus dem Bericht vun der Police ervir.

Eng dubiéis Source, Aarbechtsmethoden, déi net professionell sinn an dann ass och nach e pur Mol géint d’Strofrecht verstouss ginn, dat sinn am graffe Resumée d’Conclusioune vun der Police judiciaire an der Affär Frisbee, also an deeër Affär, déi jo de SREL-Skandal ausgeléist huet a wou, dat huet de Parquet annoncéiert, et jo de Prozess gi soll géint  dräi Geheimdéngscht- Kollaborateuren.

Ëm d’Frisbee-Affär hunn sech 3 Commissaires-en-chef an en Inspecteur-chef gekëmmert. An hir Conclusiounen aus dem August 2013 iwwer d’Aktivitéiten, besser gesot: iwwer d’Agissementer vum Geheimdéngscht sinn desastréis, fir de SREL, also fir déi fréier SEL-Beamten Mille, Schneider a Kemmer.

Ugefaange mat de Police-Remarquen iwwer hir Manéier ze schaffen. De Geheimdéngscht hätt jo scho seng Aart-a-Weis mä

Die spezifischen Arbeitsmethoden eines Geheimdienstes dürfen aber keinesfalls dafür herhalten, um gegen déi elemtarsten Arbeitsprinzipien im Bereich von Ermittlungsarbeiten zu verstossen.

An et wiere keng Akten, keng perséinlech, Notizen, keng Gespréichsdokumenter ugeluecht ginn

Et geet jo ëm dräi illegal Enregistrementer: déi kryptéiert CD, wou de Grand-Duc an de Premier Juncker sollen drop sinn, d’Spionageauere-Gespréich Juncker-Mille an d’Telefonsiwwerwaachung vun der Source Mariotto.

A propos kryptéiert CD: d’Police wonnert sech e bëssen datt de SREL nur während einer äusserst kurzen Phase bestrebt (war) diesen Datenträger zu entschlüsseln.

An d’Police mengt, viru 4 Joer, datt déi CD wuel ni wäert entschlësselt kënne ginn. An de Parquet hätt an där Saach missen informéiert ginn.

Esou weit esou schlecht.

An och net vill Guddes iwwer den Iwwerbrénger vun där CD, den Elektronikfachmann Mariotto an d’Rumeur vun der kryptéierter CD:

Unsere bisherigen Ermittlungen lassen den Verdacht zu, dass die Basisinfor-mation vun Mariotto mehr als fragwürdig ist.

An och bei deem hätt de SREL net genuch nogefuerscht. Iwwerdeems se bei hire Problemer mam Premier Juncker anescht virgaange sinn:

[W]ir stellen also fest, dass man das Gespräch mit dem Staatsminister, mit seinem direkten Vorgestzten aufzeichnet, um zu dokumentieren und den Wahrheitsgehalt zu hinterfragen, wobei man es jedoch unterlassen hat beziehungsweise nicht gewagt hat, die Informationen vun Mariotto dementsprechend auf seinen Wahrheitsgehalt zu überprüfen und zu dokumentieren.

Hir schärste Conclusioun an eng enorm Datz fir de SREL ass awer déi iwwer d’Suite vun de SREL-Aktivitéiten:

Mille sagt aus, von einem Quellenführer (Kemmer) sei ihm eine brisante Information zugetragen worden. Das Bekanntwerden dieser Information hätte im Land zu einer extremen institutionellen Krise führen können. Zwischenzeitlich haben wir festgestellt, dass die Arbeitsweise vun Mille, Schneider und Kemmer zu einer institutionellen Krise geführt hat.

Dat heescht: de SREL hätt genee dat provozéiert, wat en hätt evitéiere wëllen. An en hätt dobäi géint Strofrecht a Privatrecht verstouss. Schreift d’police judiciaire – annerhallwe Mount nodeems de Jean-Claude Juncker am Summer 2013 bei de Grand-Duc war, fir Neiwahlen ze erreechen.

Source RTL.lu

 

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen