Sécherheet géint individuell Fräiheeten
Kéipweis – zum Deel fundamental – Kritik um Projet de loi fir eng Police-Reform, esou steet et am Avis vum Staatsrot iwwer dat Gesetz.
Leschten Update: 18.07.2017, 19:23:20
© RTL Archivbild
Sécherheet géint individuell Fräiheeten, dat ass déi Haaptkonfliktlinn. An den Dossier ass immens komplex. Dat weist sech schonn un äusserleche Saachen, déi do sinn: 60 Säiten Avis, wou bal zwou Dosen Oppositions formelles oder Reserven drastinn. A gläich op Säit 2 déi prinzipiellst Kritik: Le conseil d‘ état considère que le projet de loi privilégie l’aspect maintien de l’ordre au détriment de celui de la sauvegarde des droits et des libertés individuelles.
Liest sech abstrakt, ass awer ganz konkret ze verstoen, wann et – soe mer an Terrorfroen oder Froe vun organiséierter Kriminalitéit – ëm Garde-à-vue geet oder ëm Telefon-Ecouten oder ëm Perquisitiounen vu Wunnengen oder Autoen oder Computeren. Do ass ëmmer d’Police judiciaire am Spill, mat am Hannergrond Juge d’instruction a Parquet. Et géif feelen u justifizéierte Critèren, fir fundamental Rechter anzeschränken. An do muss, seet den zoustännege Minister Etienne Schneider, um Reformprojet gefléckt ginn, ma de Staatsrot géif dat awer ganz kritesch kucken, wann et drëm geet der Police méi Moyenen ze ginn.
Et wier d’ailleurs net einfach, seet de Minister weider, well hien hätt mat Police-Gewerkschaften ze dinn, déi a verschidde Richtungen zéien. A mat der Justiz a mat der politescher Oppositioun. Sport a Musek quoi.
De Staatsrot diskutéiert dacks och de Géigesaz tëschent Autorité de police a Force de police. Dat héiert sech bal u wéi dat selwecht, ass et awer net, wann een e Beispill hëlt. Soe mer e Fest, wat an enger Gemeng degeneréiert, e Fall vun Maintien de l’ordre. Autorité de police ass do d’Gemeng, also de Buergermeeschter, Forces de police déi geruff ginn, sinn awer Polizisten: a wien seet dann elo wiem, wat am konkrete Fall ze maachen ass? Komplex. An et misst alles méi präzis a konkret formuléiert sinn, fir erauszekommen tëscht der administrativer Police an der Police judiciaire.
An op Säit 9 vun hirem Avis formuléiert de Staatsrot nach eng weider Kéier seng streng Kritik: de Staatsrot misst seng formellst Reserven formuléieren, wann et bei dësem Gesetz drëm goe géif, d’Justizautoritéiten am Virfeld vu penale Prozeduren auszeschalten. Déi an der Verfassung festgeschriwwe Rechter misste respektéiert ginn, absënns d’Séparation des pouvoirs, de Respekt virun der Justiz an den Erhalt vun den individuelle Fräiheeten.
An Terror-Zäiten sinn dat wichteg Erënnerungen an dat franséischt Beispill mat sengem permanenten Etat d‘ urgence dierft do dat schlecht Beispill à éviter sinn.