PRESSE RTL.lu Dan Kersch: Eng Iwwerstonn bleift eng Stonn

VIDEO: „Epargne Temps“ bei Staatsbeamten

Et war an der Diskussioun, fir d’Iwwerstonnen ze kierzen, also datt déi net méi als 60 Minutten opgeschriwwe ginn. Dëst gëtt awer net ëmgesat.

Leschten Update: 22.07.2017, 18:35:31

Aus Iwwerstonne gëtt Vakanz. An der Fonction publique soll nach am nächste Regierungsrot déi faméis „épargne temps“-Reegelung op de Wee bruecht ginn. Dat sot de Minister Dan Kersch elo op enger Pressekonferenz.

Bei där Reegelung soll eng Iwwerstonn herno och eng Stonn bleiwen. Maximal kënnen 1.800 Stonne ugespuert ginn, wien de Maximum géif areechen, hätt d’Méiglechkeet, fir e Sabbat-Joer ze huelen.

Fir d’CGFP sot de Romain Wolf, datt d’Gewerkschaft wier mat där Reegelung zefridden.

Esou kënnen d’Staatsbeamten also sech virschaffen an Zäit spueren an d’Iwwerstonnen dann als Fräizäit eranhuelen.

Den Dan Kersch huet dann d’Beispill grouss Vakanz ginn, wou d’Eltere jo dacks manner Vakanz hunn, wéi hir Kanner. Dat kënne si an Zukunft also ugläichen.

Da kënnen d’Leit an deenen Zäiten, wou an de Verwaltungen den Drock ganz grouss ass, méi schaffen, an dann an den Zäite vun de Vakanzen, wou d’Verwaltungen net méi ënnert deem Drock stinn, déi Stonnen eranzehuelen.

Et soll bei dësem Zäit-Konto, wou een drop spuere kann eng Limite ginn, nämlech 1.800 Stonnen. Zesumme mam Congé vun engem Joer kann een esou eng Sabbat-Joer huelen.

Iwwer allem steet trotzdem och nach ëmmer den intérêt de service, dat heescht d’Aarbecht, déi muss gemaach ginn, muss am Service gemaach ginn. An d’Reegelung soll och fir d’Staatsbeamten an den établissements publics gëllen.

De Romain Wolff vun der CGFP huet nach eng Kéier de komplizéierten Historique gemaach, fir dunn awer zefridden ze sinn. Dëse Projet ass vill besser wéi dat, wat deemools als Propos komm ass.

An de Gewerkschaftler an de Minister soten unisono, datt dann elo wuel am Privatsecteur d’Diskussioun iwwer den épargne-temps erëm ulafen wäert.

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen