Police-Reform
Am Regierungsrot e Mëttwoch de Moien goufen d’Amendementer fir d’Gesetz zu der Policereform ugeholl.
De Staatsrot hat am Virfeld jo direkt eng ganz Rëtsch un formellen Oppositioune geschwat, déi elo nogebessert goufen.
Ënnert anerem gouf méi kloer an de Projet de loi geschriwwen, wéi eng Aufgaben a Kompetenzen déi sougenannten nei „Police administrative“ wäert hunn. Hei geet et drëm, déi ëffentlech Sécherheet präventiv z’erhalen a potentiell Geforen ofzewieren.
Op Uerder vum Policeminister kënnen an Zukunft Identitéitskontrolle vu Polizisten duerchgefouert ginn, wann e kriminelle Verdacht besteet. Dat war bis ewell u sech net méiglech, well eng legal Basis dofir gefeelt huet. Gouf ee bis ewell vun engem Polizist no senger Carte d’identité gefrot, huet een him déi u sech net musse ginn.
Och de Buergermeeschter kritt nei Attributiounen a kann an enger Geforesituatioun beispillsweis e Sécherheetsperimeter ordonnéieren.
An Zukunft wäert d’Police och de Kontroll vun externe Mataarbechter op EU-Institutiounen hei am Land maachen.
Dernieft gesäit och een Amendement vir, dass d’Police de Kontroll an de Flüchltingsheemer iwwerhëlt, wann den OLAI dat freet.
Den iwwerschaffte Projet de loi gouf elo fir en Avis complementaire zeréck bei de Staatsrot geschéckt an Enn September wäert sech déi zoustänneg Chamberkommissioun mat den Ännerunge befaassen.