Chamberkommissioun
Dem Verdeedegungsminister Etienne Schneider no, hunn dës Investitiounen dann och een economesche Retour op d’Land.
© RTL Télé Lëtzebuerg
An der parlamentarescher Chamberkommissioun gouf en Donneschdeg ënnert anerem iwwert de Verdeedegungsbudget vun 2018 geschwat. Dëse soll jo vun 0,4 op 0,6 Prozent erop goen. Dem Verdeedegungsminister Etienne Schneider no, wieren et Investitiounen am Interessi vun de Leit.
Een Deel vum Verdeedegungsbudget soll an Zukunft an d’Renovéierung vun de Piste vum Fluchhafe fléissen. Dat well et een Nato-Fluchhafen ass. Dem Verdeedegungsminister Etienne Schneider no, wier dat een Effort de Défense, dee jidderengem géif ze gutt kommen, dee mat engem Fliger flitt. E weideren Investissement ass, datt am Januar d’nächst Joer ee militäresche Kommunikatiouns-Satellitte an de Weltall soll geschoss ginn.
Och een Deel vun de Pavillonen um Härebierg solle nei gemaach ginn. Ronn 100 Milliounen Euro wäerten dës Aarbechte kaschten.
E weideren Sujet war de Police-Budget. An och dëse soll an d’Luucht goen, fir an Zukunft méi Leit um Terrain ze hunn a fir d’Sécherheetsgefill vun de Leit erop ze drécken. Eng 100 nei Poliziste sollen d’nächst Joer agestallt ginn, heescht et vun der Presidentin vun der zoustänneger Kommissioun, Claudia Dall’Agnol.
Dem Etienne Schneider no, hätt een awer och d’Equipement vun de Polizisten moderniséiert. Ënnert anerem, goufen d’Revolveren duerch Pistoulen ersat.
Fir e Maximum vu Sécherheet hei am Land ze garantéieren, géif de Policebudget an de nächste Joeren nach weider klammen, esou nach den Etienne Schneider.
Dem CSV-Députéierte Jean-Marie Halsdorf no, soll de Budget vun 167 Milliounen op 260 Milliounen an d’Luucht goen. Verschidde Schwéierpunkte wiere gesat ginn, ma awer géif et un enger eegener Strategie feelen. Eng grouss Inconnu wier, datt an Zukunft Helikoptere solle kaaft ginn an eng Militärklinik soll gebaut ginn.
Dem Jean-Marie Halsdorf no kéint dat e Faass ouni Buedem ginn, well nach kee weess, wéi héich d’Käschten do wäerte leien. Dat nämlecht gëllt fir d’Fro no engem militäresche Spidol. Dat géing hei am Land net dacks benotzt ginn, well d’Lëtzebuerger Zaldote seelen op den Terrain a Krisegebidder geschéckt ginn. Dem Jean-Marie Halsdorf no kéint een eventuell Leit aus anere Natiounen traitéieren, mä da stellt sech och d’Fro, wéi ee gesetzleche Kader dat Ganzt soll kréien.
De Spidolsplang misst hei definéieren, wou wéi eng Patienten traitéiert ginn a wat déi eenzel Spideeler maachen. Well de Budget drastesch an d’Luucht geet, misst een domadder rechnen, datt een esouguer eng hallef Milliard Euro méi misst ausginn, esou nach de Jean-Marie Halsdorf.