Viviane Loschetter
D’Viviane Loschetter ass um Mëttwoch als Rapportrice genannt gi vum Projet de Loi wat d’Terrormenacen ugeet.
Dëse Projet de Loi gouf der zoustänneger Chamberkommissioun schonn am November 2015 virgestallt, ier en deposéiert gouf. E Mount drop hat och de Premierminister selwer en an der Chamber presentéiert an d’Moossname beschriwwen déi Lëtzebuerg soll ergräife fir dem Terrorismus keng Chance méi ze ginn. Doropshin ass de Projet de Loi aviséiert ginn. Awer net nëmme vum Staatsrot, mä och vu der Dateschutzkommissioun an vun der Kommissioun consultative des droits de l’homme – wat fir d’Viviane Loschetter als Rapportrice e ganz wichtege Facteur ass.
Déi hätten e puer mol en Avis dozou gemaach hunn an déi Suggestioune wieren och praktesch 1 zu 1 an de Projet de Loi eragefloss, sou d’Viviane Loschetter. Doduerch hätt de Projet wesentlech geännert par Rapport zu deem, deen 2015 deposéiert gi war, wat d’Viviane Loschetter begréisst.
Elo waart een nach op den Avis Complementaire vum Staatsrot. Soubal déi zoustänneg Chamberkommissioun deen huet, soll dann déi parlamentaresch Aarbecht richteg ufänken, esou nach d’Viviane Loschetter.