VIDEO: 80-80-90
2 Deeg no der Protestmanifestatioun vun der CGFP positionéiere sech 3 Parteie kloer.
Schluss mat der 80-80-90-Regelung a Schluss mam Bewäertungssystem, dat hat d’CGFP op hirer Protestmanifestatioun viru 700 Sympathisante gefuerdert. A gewënscht, déi politesch Parteie sollte sech bis den 11. Dezember positionéieren, wann d’CGFP hir Conférence des comités huet.
De Claude Adam vun Déi Gréng wëll déi Virschléi vun der CGFP an der Partei diskutéieren. Ma fir sech schonn a 14 Deeg ze positionéieren, wier net realistesch.
Esou séier geet dat also net fir déi Gréng an och d‘LSAP hält sech bedeckt. Den Yves Cruchten huet gemengt, datt een net nëmmen d’Fuerderunge vun de Staatsbeamte kuckt, ma och um Mëttwoch sinn nach Fuerderungen aus dem Privatsecteur dobäi komm. D’LSAP wëll sech och nach méi spéit Gedanken iwwer déi Fuerderunge maachen, wann een de Wahlprogramm 2018 opsetzt.
D‘DP hirersäits weist scho kloer Kant: De Gusty Graas ass der Meenung, datt déi 80-80-90 Reegelung net soll geännert ginn, well déi Beamte jo eben zu där Zäit net voll asazfäeg sinn. Si musse jo nach Formatioune maachen an emol integréiert sinn. Donieft betount de Gusty Graas, datt jo eben déi CGFP, déi elo d’Opléise fuerdert, dat 2011 mat ënnerschriwwen huet.
An dat war nach ënnert CSV-Regie. Et war ënnert hirer Regie, wou déi Reegelung ausgehandelt gi war, si wär d’Resultat vu Kompromësser vu béide Säiten.
D’Octavie Modert fënnt, datt aktuell kee Bedarf do ass, fir op déi Dispositioun do zeréck ze kommen. D’CGFP huet awer an deem Punkt Recht, wa se soen, datt do d’Reform vum Stage mat drugehaange gëtt. Wann déi Dispositioun nach net ausgefouert ass, muss dat awer nach gemaach ginn.
D’CGFP kritt also och e bësse Recht. D’Gewerkschaft huet e grousse Poids, grad am Virfeld vu Wahlen, ass et net, fir si lénks leien ze loossen, esou d’Octavie Modert weider. Ma och wann et d’Roll vun enger Gewerkschaft ass, fir Fuerderungen ze stellen, ass et och d’Roll vun der Politik, net all Fuerderungen unzehuelen.
Kloer hannert der CGFP, wat Schluss mat 80-80-90 ugeet, sti bis elo just déi Lénk: Den David Wagner sot, datt d’Partei ëmmer a Fro gestallt huet, wa bei Jonken, déi jo vun der Reegelung betraff sinn, gespuert gëtt.
D‘ADR dogéint wollt sech zu dësem Moment nach net positionéieren. Bekannterweis gëtt et tëscht der Gewerkschaft an der fréierer Rentepartei keng grouss Léift.
E Mëttwoch den Owend hunn och déi Konservativ reagéiert.
PDF: Schreiwes vun déi Konservativ