„Et wär net ganz schlau, wa Parteie sech net lo géife positionéieren“, esou de Credo vun de Staatsbeamten um Méindeg. Minister Kersch reagéiert nuancéiert.
„Weise gëllt elo“, dat ass déi ganz däitlech Fuerderung un all d’politesch Parteie vun der CGFP e Méindeg den Owend op hirer Maniff zu Dummeldeng. 1 Joer virun de Chamberwahle mécht d’Staatsbeamtegewerkschaft mat all hiren Ënnergruppéierungen an hirem Kooperatiounspartner FGFC, der Gewerkschaft vum Gemengepersonal, Drock op d’Politik. D’Parteie missten elo, virun de Chamberwahle, Faarf bekennen a Positioun huelen zu hire Fuerderungen – dat heescht konkret, ob se gewëllt sinn, d’Mëssstänn am ëffentlechen Déngscht aus der Welt ze schafen oder net.
Parteie solle sech bekennen zu Fuerderungen
Den Drock war bei engem bis op de leschte Sëtz an doriwwer eraus gefëllte Konferenzraum am Parc-Hotel Alvisse ze spieren. Eng 750 Leit hunn applaudéiert, wéi de CGFP-Generalsekretär Steve Heiliger an de President Romain Wolff eng Fuerderung no der nächster an de Raum gejaut hunn.
„Weise gëllt elo“, dat ass déi ganz däitlech Fuerderung un all d’politesch Parteie vun der CGFP e Méindeg den Owend op hirer Maniff zu Dummeldeng. 1 Joer virun de Chamberwahle mécht d’Staatsbeamtegewerkschaft mat all hiren Ënnergruppéierungen an hirem Kooperatiounspartner FGFC, der Gewerkschaft vum Gemengepersonal, Drock op d’Politik. D’Parteie missten elo, virun de Chamberwahle, Faarf bekennen a Positioun huelen zu hire Fuerderungen – dat heescht konkret, ob se gewëllt sinn, d’Mëssstänn am ëffentlechen Déngscht aus der Welt ze schafen oder net.
|
Parteie solle sech bekennen zu Fuerderungen
Den Drock war bei engem bis op de leschte Sëtz an doriwwer eraus gefëllte Konferenzraum am Parc-Hotel Alvisse ze spieren. Eng 750 Leit hunn applaudéiert, wéi de CGFP-Generalsekretär Steve Heiliger an de President Romain Wolff eng Fuerderung no der nächster an de Raum gejaut hunn.
Staatsbeamte fuerdere Kloerheet, Minister Kersch reagéiert (27.11.2017)
E Méindeg huet d’CGFP hire Fuerderungskatalog presentéiert an erwaart elo, datt all d’Parteien, an net just d’Regierung, sech positionéiert.Am Studio vun RTL Télé Lëtzebuerg huet de Minister vun der Fonction publique op d’Protestmanifestatioun an d’Doleancë reagéiert.
„Schluss mat der 80/80/90-Reegel fir Beruffsufänger am Staatsdéngscht“, „Schluss mat dem fuerchtbare Bewäertungssystem an der Fonction publique“, „Schluss mat der systematescher Iwwerbelaaschtung vu Beamten, déi dofir geruedstoe mussen, dass et ferm Rekrutéierungsproblemer beim Staat gëtt“.
D’80/80/90-Reegel seet, datt Beruffsufänker am Stage manner verdéngen. An den zwee éischte Joer 80, am drëtten dann 90 Prozent.
Gewerkschaftlech Mesuren
Ouni d’Fonction publique géing vill hei am Land net fonctionnéieren. D’Politik géing kommen a goen, ma d’Fonction publique bleiwen. Wann d’Regierungen, ob déi aktuell oder déi no de Wahlen, mengen, hire berechtegten Doleancen net Rechnung droen ze missen, da wäert et zu weidere gewerkschaftlechen Aktioune kommen, déi wäit iwwer de Kader vun der Maniff e Méindeg géinge goen, versprécht de Romain Wolff. E gutt Beispill wären d’90er Joren.
De CGFP-President Romain Wolff.
Um Platto vun RTL Télé Lëtzebuerg huet de Minister vun der Fonction publique, Dan Kersch, nuancéiert reagéiert. Esou kéint een eng 80-80-90-Reegel net einfach sou, och net an engem Wahljoer, ofschafen, well dat de Staat eng 40 bis 50 Milliounen Euro méi kaschte géif. Aner Fuerderunge vun der Gewerkschaft géife sech dorobber additionéieren. Et wier kloer, datt kee Minister a keng Regierung dat mat engem Fiederstréch dat an d’Rei maache kéint, dat wier verantwortungslos. Dat misst am Kader vun enger Gesamtdiskussioun geschéien an dofir wier et ze begréissen, datt d’CGFP eng Gesamtdiskussioun féiere wéilt.
De Minister huet och ënnerstrach, datt d’CGFP sech net direkt un d’Regierung, ma un all Parteien zu Lëtzebuerg adresséiert huet. D’Fuerderung wier jo, datt sech d’Parteien an hire Wahlprogrammer géife positionéieren, et wier also kloer, datt een dat net einfach muer ännere kéint – Ännerunge wiere just an engem Accord salarial méiglech.
Etüd verréit Zefriddenheet
Den Dan Kersch huet och drun erënnert, datt een net vun enger grousser Onzefriddenheet bei de Staatsbeamte schwätze kéint, well och wann e punktuell Problemer gëtt, wéi bei de Bréifdréieren, esou hätt eng rezent Etüd, un där e Véierel vun de Staatsbeamten deelgeholl huet, awer gewisen, datt eng grouss Zefridden heet do ass. Spezifesch Onzefriddenheete misst een awer Fall zu Fall diskutéieren, och an den Etablissements publics.
Op d’Ouverture bei der Fonction publique fir Auslänner ugeschwat, huet de Minister – genee wéi d’Gewerkschaft – d’Beherrsche vun den 3 Sprooche vum Land als Bedingung genannt. Hien hätt hat dat op Radio Lëtzebuerg gesot a wier nach ëmmer der Meenung, datt déi Konditioun misst bestoe bleiwen. Dat wier och eng Fro vu Qualitéit vum Service um Client, an deem Fall de Bierger.
De Minister vun der Fonction publique Dan Kersch.
Wat d’Bewäertungen an der Fonction publique ugeet, déi der Gewerkschaft en Dar am A sinn, huet de Minister drun erënnert, datt dee System 2011 mat de Gewerkschaften ausgehandelt gi wier, datt een déi finanziell Auswierkungen ewechgeholl hätt, datt et drëm goe géif, dem Beamten ze soen, wat ee vun him erwaart, an datt een och net maache sollt, wéi wa stänneg bewäert géif ginn, an den normale Carrièrë kéim dat vläicht dräi oder véier Mol an der Liewensaarbechtszäit vir. Et wier also net esou dramatesch, wéi et dobausse gemaach géif ginn …
„Ferventen Unhänger vum Service public“
De Minister sot sech op alle Fall op fir eng fundamental Diskussioun iwwer de Service public. Normal wier, datt een am Sozialdialog géif probéieren, esou vill wéi méiglech am Interêt vun de Leit ze realiséieren, et kéint een awer just maachen, wat och finanzéierbar wier. Hie wier jiddwerfalls e ferventen Unhänger vum Service public, well wann alles privatiséiert géif ginn, da kréichen déi e gudde Service, déi et sech kéinte leeschten an déi aner net.