E Streik ass net onméiglech!
Als Staatsbeamtegewerkschaft wéilt ee keng sozial Onrouen am Land, mä d’Géigesäit sollt sech bewosst ginn, dass e Streik, bei engem Litige, a Fro kéim.
10 Méint virun de Wahle gëtt d’CGFP der Politik e gudde Rot: verléiert keng Zäit, mä notzt se fir d’Land no vir ze bréngen, am Sënn vum Bierger an am Intressi vum ëffentlechen Déngscht.
Wann een d’Mesurë kéint deelen, wier d’Staatsbeamtegewerkschaft e responsabele Partner, op deen ee sech kéint verloossen.
D’Privatiséierungstendenze stoppen, de Bewäertungssystem vun elo aus der Welt schafen, grad ewéi déi manner héich Paien, déi een am Stage kritt, wann ee beim Staat ufänkt… d’Messagen um Méindeg den Owend op der Conférence des Présidents, ware kloer an hunn dat ënnerstrach, wat d’Staatsbeamtegewerkschaft schonn Enn November gefrot huet: wat un der leschter Reform net gutt war, soll geännert ginn. Litigë géif et, den Ament, eng jett, an dofir wollt de CGFP-Generalsekretär Steve Heiliger, eppes ganz kloer stellen. Och am Wahljoer 2018 wäerten nees ganz mouvementéiert Zäiten op eis duerkommen, sou de Steve Heiliger. Si wieren awer sécherlech net déi, déi un éischter Stell e Streik wéilten.
Sozial Onroue géifen dem Land schueden, sou de Steve Heiliger. Nieft dem Generalsekretär huet och de President vun der CGFP, Romain Wolff, d’Regierung opgefuerdert dofir ze suergen, dass all Etablissement Publique dee leschten Accord deen ausgehandelt gouf, och ëmsetzt – wann näischt ënnerholl géif, kéim et do zu enger gezielter Mobiliséierungsaktioun, sou de Romain Wolff, dee Richtung Wahle kuckt.
D’CGFP wier och Enn 2017 gutt opgestallt… ideologesch neutral a parteipolitesch onofhängeg. Vun der Politik géif ee verlaangen, dass se sech kloer an däitlech fir eng gutt-funktionéierend Fonction publique asetzt a positionéiert, dass endlech mam Viruerteel ofgeschloss géif ginn, d’Fonction publique wier nëmmen e renge Käschtefacteur , bei deem virrangeg ze spuere wier.
Politesch neutral wier een, an awer sinn um Méindeg den Owend d’Kommunisten an déi Lénk extra ernimmt ginn… awer just well si hinnen als eenzeg op hir rezent Revendicatioune geäntwert hätten, präziséiert de President.