PRESSE RTL.lu Groussen Deel vum Gehälteraccord nach ëmmer net ëmgesat

D’CGFP erënnert

D’CGFP erënnert drun, datt e groussen Deel vum Gehälteraccord beim Staat nach net ëmgesat ass. Deen Accord gouf virun engem Joer ënnerschriwwen.

D’Staatsbeamtegewerkschaft geet den Ament mol dovunner aus, datt d’Ofkommes fréistens am Februar an der Chamber gestëmmt gëtt a fuerdert mat Nodrock, datt all d’Punkten, déi virun engem Joer ausgehandelt goufen, vive ëmgesat ginn.

Bis elo kruten d’Leit aus dem ëffentlechen Déngscht just eng eemoleg Primm. Ee Prozent vum Joresgehalt. Déi Primm gouf op den 1. Abrëll ausbezuelt an dono koum näischt méi an d’Fonction publique waart a waart. De Romain Wolff, de Generalsekretär vun der CGFP, erënnert drun, wat nach feelt. Do wier zum Beispill d’Iessenszoulag, déi op den 1. Januar 2017 réckwierkend op ee Joer. Derbäi kënnt 1,5% Augmentatioun, déi elo op den 1. Januar2018 kënnt, mee dann jo nach net gestëmmt ass. Réischt wann et gestëmmt ass, gëtt ausbezuelt.

D’Staatsbeamte mussen op kengem vun dëse Punkten mat finanziellen Abousse rechnen, et dauert just méi laang, bis se hir Sue kréien. Allerdéngs hänken och nach Elementer un deem Ofkommes, déi net retroaktiv kënnen a Kraaft trieden, zum Beispill den Temps partiel, wat eréischt a Kraaft trëtt, wann et duerch d’Chamber gaangen ass. Dat ass net réckwierkend. Dat wier bedauerlech.

Nieft der Deelzäitaarbecht waart d’Fonction publique dann och op d’Hausse vum Congé social an op d’Hausse vun der Allocation familiale.

No der Protestaktioun vun der CGFP, de 27. November, sinn déi gefuerdert Reaktiounen aus der Politik nawell moer ausgefall, bedauert d’Gewerkschaft. Dofir diskutéieren déi verschidde Gremien den 10. Januar iwwer nächst Schrëtt.

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen