PRESSE RTL.lu Personal soll bäikommen a Radaren nach ëmmer e Succès

Neijoerschreceptioun vun der Justiz

Op der Neijooschreceptioun vun der Justiz e Mëttwoch huet d’Procureure général d’Etat Martine Solovieff erkläert, dass d’Radaren nach ëmmer e Succès sinn.

Op den 31. Dezember goufen nämlech 494.736 Protokoller gezielt, dorënner 17.584 Stéck vun 145 €, iwwerdeems zejoert 853 Délits de grande vitesse notéiert goufen. D’net bezuelte Protokoller, ëmmerhin 33.445 Stéck, zéien en immensen administrativen Opwand no sech, sot d’Martine Solovieff.

D’Procureure général d’Etat huet donieft bedauert, dass de Gesetzprojet iwwert den Terrorismus nach ëmmer um Instanzewee ass. Hei waart een op den Avis vum Staatsrot.

Op der Neijooschreceptioun vun der Justiz sot de President vun der Cour supérieure de Justice e Mëttwoch den Owend, dass et de Moment zu Lëtzebuerg 230 Magistrate gëtt, plus 20 Attachéen. An den nächste Jore sollen nach 32 Leit bäikommen, wat näischt ze vill wär, sou de Jean-Claude Wiwinius. Dee frou doriwwer war, dass d’Verfassungsgeriicht dierft bestoe bleiwen. Doriwwer eraus gouf ee sech och iwwert e puer Reformen vun deem Verfassungsgeriicht eens. An Zukunft wäert een endlech Conseillers suppléante kréien, et däerf een a formatioun plénière siegéieren an d’Decisioune kommen net einfach esou an de Mémorial, mä mussen an engem verstännegen Delai exekutéiert ginn, sou nach de Jean-Claude Wiwinius.

De President vun der Cour supérieure de Justice huet donieft nach drun erënnert, dass de Conseil suprême de la Justice e Sujet bleift.

An de ronn 9 Méint bis d’Chamberwahle bleift nach vill Aarbecht, dat sot de Justizminister e Mëttwoch den Owend. De Felix Braz wollt bei deem Rendez-vous bewosst kee politesche Bilan vu senger Aarbecht, bis elo, zéien. Hie wär nämlech net op Abschiedstournée an et géing an den nächste Méint nach vill Aarbecht waarden, sou de Justizminister. Eng Partie Texter sollen nämlech nach deposéiert ginn, och wann déi während dëser Legislaturperiod wuel net méi gestëmmt wäerte ginn, ass dat fir de Felix Braz kee Grond, fir se net ze deposéieren.

De Minister huet ënnert anerem nach gesot, ëmmer gekuckt ze hunn der Justiz déi néideg Moyenen ze ginn, besonnesch wat d’Personal ugeet. Deem seng Zuel wär dann och zanter Enn 2013, Zitat, „zolitt no uewe gaangen“.

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen