CGFP
D’CGFP huet no hirem Opruff de 27. November kaum Äntwerte vun de politesche Parteie kritt. Just déi Lénk an d’KP hate sech zu Wuert gemellt.
Leschten Update: 15.01.2018, 12:47:49
An hirem 1. Comite federal vum Joer huet d’CGFP dofir weider gewerkschaftlech Aktiounen decidéiert.
De Staatsminister Xavier Bettel gëtt elo schrëftlech opgefuerdert, sech nach an dëser Legislaturperiod zu Nobesserunge bei der Reform vum Staatsdéngscht ze bekennen an d’80/80/90 Reegelung ofzeschafen.
Donieft ginn och all d’Parteien ugeschriwwen an opgefuerdert endlech Kloertext ze schwätzen. D’CGFP setzt des Kéier och en Ultimatum. Si gëtt de Parteien an der Regierung bis den 19. Februar Zäit ze reagéieren. Dat ass méindes no der Fuesvakanz.
Am anere Fall muss mat gewerkschaftleche Mesure gerechent ginn. Z.b. engem Litige, deen da virum Conciliateur muss gekläert ginn.