PRESSE RTL.lu Nei Police-Teslae kommen net duerch Sandweiler

Nach am Garage

Schonn am Hierscht sollten der Police hir zwee nei Tesla-Elektroautoen op eisen Autobunne rullen.

Dorausser ass bis elo awer näischt ginn, amplaz op Patrull ze sinn, stinn di zwee Autoen nach ëmmer am Atelier vun der Police.

Bis haut huet een di zwee fonkelnei Police-Teslaen nach net am Asaz kënne bestaunen, obwuel se scho viru Méint geliwwert goufen an am Prinzip zanter Hierscht och mat Sireen a bloer Luucht Déngscht op den Autobunne sollte maachen.

Mä genee dat mat de bloe Luuchten ass RTL-Informatiounen no de grousse Problem: Bei der SNCA zu Sandweiler kéint een deem nach fir de Policedéngscht onbekannte Modell keng Konformitéit fir de Stroosseverkéier attestéieren. Dat géif un de bloe Luuchten hänken, déi no der Liwwerung am Policeatelier selwer solle montéiert ginn, dat kéint een zu Sandweiler esou awer net ofhuelen an dowéinst kënnen déi zwee pro Stéck 100.000 Euro deier Autoen net ugemellt ginn a mussen esoulaang am Garage op hiren éischten Asaz waarden.

Op eis Nofro hin huet e Policespriecher eis erkläert, dass de Moment nach Tester musse gemaacht ginn, Enn Januar géif den éischte Police-Tesla da bei den TÜV an Däitschland goen, fir do déi néideg Attestatioun ze kréien. Eréischt duerno géif dann och den zweeten Auto equipéiert ginn.

D’Fro, déi sech elo stellt, ass natierlech, firwat en Auto, dee fir den nationale Staatsdéngscht virgesinn ass, muss an d’Ausland oder op d’mannst bei en auslännesche Veräi gefouert ginn, fir herno hei am Land dierfen ze fueren? A fiert en da mat enger Attestatioun, déi en hei am Land net krut hätt, awer hei am Land?

Aner Policeautoe gi vum Hiersteller selwer schonn am Wierk ausgerëscht a kréien esou och kee Problem mat der Konformitéit, firwat sinn d’Autoen dann net direkt vun Tesla ausgerëscht komm? E Policeauto ganz ouni blo Luuchten ass jo awer net auszedenken.

Mam Modell Tesla wollt den Nohaltegkeetsministère e performanten an awer ekologesche Modell an d’Police abannen. Dat ass op d’mannst bis elo gelongen, well en Auto, deen nëmmen am Garage steet, mécht bekanntlech och kee Knascht.

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen