PRESSE RTL.lu Polizist wënnt juristesche Sträit mat sengem Generaldirekter

Tribunal administratif

Um Verwaltungsgeriicht huet e Polizist e juristesche Sträit mat sengem Generaldirekter an 1. Instanz gewonnen.

16.01.2018, 12:30:28

D’Riichter vum Tribunal administratif hunn nämlech eng Decisioun vum Philippe Schrantz aus dem Dezember 2016 annuléiert. Am Sträit goung et ëm e Formatiounscongé fir de Polizist.

De Police-Chefinspekter hat am September 2016 bei der Generaldirektioun vun der Police gefrot, e Formatiounscongé vun 20 Deeg ze kréien, fir Examen an der Literatur ze preparéieren an doru kënnen deelzehuelen. De Mann hat sech dofir op e Règlement grand-ducal vum Februar 2012 baséiert. De Generaldirekter hat den Informatiounsdirekter vun der Police deeselwechte Mount ugestallt, fir dem Polizist matzedeelen, dass hie 5 Deeg Congé dofir krit. Am Oktober 2016 hat de Chefinspekter beim zoustännege Minister Recours dogéint ageluecht, dass dee Congé net ganz acceptéiert gouf. Den Etienne Schneider hat am November 2016 geäntwert, hien hätt den Dossier zréckginn un de Generaldirekter, fir eng nei Analys dovun ze maachen. Am Dezember 2016 koum dunn d’Äntwert vum Generaldirekter, dem Polizist seng Demande wär zréckgewisen. Well op e Recours gracieux un de Minister keng Äntwert koum, goung de Mann am Januar zejoert op d’Verwaltungsgeriicht.

De Riichter vum Tribunal administratif no wär just d’Decisioun vum Generaldirekter als déi unzegesinn, duerch déi d’Demande vum Polizist refuséiert gouf, dat wär déi definitiv Äntwert op d’Fro vum Chefinspekter no Formatiounscongé gewiescht. Um Geriicht gouf et virun allem Diskussiounen doriwwer, ob déi Formatioun dem Mann a senger Aarbecht dénge géif oder net. Fir d’Riichter gëllt dee Bildungscongé och fir Formatiounen, déi een net onbedéngt a sengem Beruff brauch. De Polizist bräicht dës Formatioun sécher net onbedéngt, si wär awer gutt fir seng berufflech Entwécklung an de Staat sollt sech deem net widdersetzen. Et wär falsch, dass de Generaldirekter vun der Police fonnt hätt, déi Formatioun géif net ënnert d’Bestëmmunge vum Congé de formation falen. Dofir wär seng Decisioun vum Dezember 2016 wéinst enger Violatioun vum Gesetz z’annuléieren an de Polizist hätt dofir och eng Indemnité de procédure vun 1.000 € vum Staat zegutt.

Source RTL.lu

 

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen