Parlamentaresch Fro
An enger parlamentarescher Fro wollten d’Deputéiert Gloden a Mosar (CSV) méi Informatiounen iwwert d’Acquisitioun vun den 2 Policeween vun der Mark Tesla.
Leschten Update: 20.02.2018, 20:43:42
Bezunn haten de Léon Gloden an de Laurent Mosar seng parlamentaresch Fro op en Artikel, deen de 16. Januar op RTL.lu publizéiert gi war. Hei war rieds doriwwer, dass d’Ween fäerdeg equipéiert net konform wieren an esou net duerch d’technesch Kontroll vun der SNCA kéimen.
De Laurent Mosar an de Léon Gloden wollte wëssen:
1) wisou d’Teslaen net konform si par Rapport zu den Norme vun der SNCA?
2) ob d’Attestatioun fir d’Autoe vun engem däitschen Organ ausgestallt gëtt, a wisou?
3) wat d’Autoe schlussendlech komplett equipéiert kaschte wäerten.
De Minister Etienne Schneider huet um 20. Februar op déi parlamentaresch Fro geäntwert an erkläert, dass:
1) D’SNCA nach net konnt feststellen, ob d’Autoe konform sinn oder net, well se d’Autoen nach net gesinn hunn. Aktuell géif d’Police op déi technesch Expertis vum TüV waarden, fir dee kompletten Dossier der SNCA virzeleeën. Dee Rapport soll Enn Februar fäerdeg sinn.
2) Den Attest vun engem däitschen Organ (TüV) wier Deel vum techneschen Dossier, deen d’SNCA muss kréien, fir den Auto fäerdeg equipéiert kënnen unzemellen.
3) Ënnert dem Stréch kaschten déi 2 Autoen, fäerdeg equipéiert an ugemellt 242’880 €.
215’080 € kaschten déi 2 Autoen, a 27’800 € d’Accessoiren, d’Installatioun, d’Tester an d’Immatrikulatioun.
