PRESSE RTL.lu Police-Reform kënnt nodeems si laang „schleefe gelooss gouf“

Staatssekretärin Francine Closener

„Mir brauchen eng Police déi gutt funktionéiert an efficace am Sënn vun de Leit schaffe kann.“ Dat seet d’Francine Closener zur Police-Reform.

Leschten Update: 07.03.2018, 08:01:34

Et ass nach eng vun den Prioritéite vun dëser Legislaturperiod an den Ament an der Maach ass: D’Police-Reform. Nach gëtt op zousätzlech Avise vum Staatsrot gewaart, mä dat Ganzt soll awer eben nach virun der Summervakanz duerchgoen. Och wann d’CSV schonns annoncéiert huet, d’Reform net wëllen matzestëmmen.

Déi lescht generell Reform vun der Police Grand-Ducale gouf et jo virun 19 Joer, am Kader vun der Fusioun vun Gendarmerie a Police.

No laangen Aarbechten an der zoustänneger Chamberkommissioun, an och ville Reuniounen mat der Policegewerkschaft ass de Wee fir d’Reform op den Instanzewee ze bréngen bal fräi, gewaart gëtt u sech just nach op verschidden zousätzlech Avise vum Staatsrot an eenzel Projets de loi.

„A wann d’CSV dës Reform net matstëmme wëll, da muss si awer de de Leit erklären, firwat datt keng Prioritéit ass“, stëppelt d’Staatssekretärin am Gespréich mat RTL-Radio. Ënnert dëser Regierung wier nämlech eng Police-Reform endlech ugepak ginn, nodeems et jorelaang schleefe gelooss gi wier.

De fréiere Minister hätt zwar Dossieren hannerlooss, mä do wier guer näischt an der Rei gewiescht, esou d’Francine Closener weider. Dës Regierung hätt dogéint vill mat de Sozialpartner diskutéiert.

E Méindeg den Owend  ass Generalversammlung vun der Police-Gewerkschaft SNPGL zu Walfer. Do däerf ee gespaant sinn, wéi déi sech zum ablackleche Standpunkt ausdrécke wäert.

D’Francine Closener huet op alle Fall ënnerstrach, datt vill Doleancen an d’Texter mat agefloss wieren. „Bestëmmt gëtt et deen oder aneren Punkt, mat deem d’Gewerkschaften net esou zefridde sinn. Mä ech denken, dat et virun allem wichteg ass an der Politik, datt een Kompromësser fënnt.“ D’Leit géifen elo wëssen, „datt eng Reform kënnt a wëssen, wat hir Missioune sinn.“

Fir d’Police selwer ass eng Reform  jiddefalls iwwerfälleg.

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen