PRESSE RTL.lu Wien huet e gemaach a wéi ass en entstan?

VIDEO: Den neie Police-Logo

„D’Police Grand-ducale kritt en neie Logo!“ Dëst war eng Noriicht, déi fir vill Opreegung zu Lëtzebuerg gesuergt hat.

Leschten Update: 07.03.2018, 06:36:09

Et gouf vill driwwer diskutéiert, spekuléiert, verschiddener hu sech och driwwer geiergert an anerer hunn de Geck op de sozialen Netzwierker driwwer gemaach.

Firwat kascht dëse Rebranding 825.000 Euroen? Ee Budget, deen awer net vum Police-Budget ofgeet.

Wien huet deen neie Logo entworf ? Op wat gouf alles opgepasst an u wat muss een alles denken?

 

Vun der Kravattespéngel bis zur Uniform ouni déi 200 Autoen, 60 Motorrieder an ëm déi 70 Emblèmer virun de Commissariater ze vergiessen. Och de Slogan huet geännert, grad esou ewéi den Numm aus „Police“ gëtt “Police Lëtzebuerg“. Weider heescht et: „Zesumme fir iech“, esou soll dëst eng Verankerung vun der Police an onser Gesellschaft sinn.

RTL war d’Firma “Quattro” besichen, déi deen neien Logo entworf huet, einfach wier et net gewiescht, inspiréiert gouf sech u sämtleche Police-Logoen, déi et weltwäit scho ginn.

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen