Sécherheetscampagne
Zesumme mat de Beamte vun der Police hu Kanner aus dem Cycle 3.1 an 3.2 Vitess- a Verkéierskontrollen duerchgefouert.
D’Beamte vun der „Porte du Sud“ hunn zesumme mat hire Kollege vun der Verkéierspolice vun Esch e Mëttwoch an en Donneschdeg am Ganze 5 Verkéierskontrollen duerch. Am Fokus vun de Kontrolle war d’Verkéierssécherheet vun de Kanner. Ënner anerem gouf iwwerpréift, op d’Kanner gestreckt waren, am Kannersëtz souzen, wa si missten, a sech un d’Vitess an der Géigend vun der Schoul gehale gouf.
Ma d’Kanner konnten awer vill méi Ouschtereeër, wéi Biller ausdeelen. Ronn 80 Automobiliste konnte sech iwwer eppes Séisses an iwwer e Luef vun de Kanner freeën.
Och an Zukunft wëll d’Police ähnlech Campagne maachen, fir esou méi op d’Sécherheet vun de Kanner opmierksam ze maachen.