PRESSE RTL.lu Autopsie um Freideg no déidlechem Tëschefall

Schëss zu Bouneweg

Géint 16 Auer koum et e Mëttwoch zu engem déidlechen Tëschefall zu Bouneweg, wéi en Automobilist ugeschoss gouf, well hien e Beamte wollt iwwerrennen.

Bei enger regulärer Kontroll wollt sech den Automobilist iwwer d’Diddenhuewener Strooss via de Rondpoint Richtung Bouneweger Kierch duerch d’Bascht maachen. Dobäi huet hien op e Polizist, deen aus sengem Auto geklomme war, fir de Mann unzehalen, duergehalen. De Beamten huet vu senger Déngschtwaff Gebrauch gemaach an op de Mann, deen eleng an sengem schwaarze Mercedes souz, geschoss. Zeie hu vun 3 bis 4 Schëss geschwat.

De Chauffeur gouf vun enger Kugel getraff, huet doropshin d’Kontroll iwwer säi Gefier verluer, ass laanscht d’Mauer vun engem Haus geschruppt an an e Bam gerannt. Op der Place Léon Xlll war d’Flucht domadder eriwwer.

Den Automobilist ass am Laf vum Nomëtteg u senge Blessure gestuerwen. De Parquet gouf op d’Plaz geruff an huet d’Generalinspektioun vun der Police mat den Ermëttlungen beoptraagt. Och d’Spuresécherung war op der Plaz.

http://images.newmedia.lu/rtl2008.lu/nt/p/2018/04/11/19/925d1550ef2d144c3c53091a25256b1f.jpeg?1523881864308

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen