VIDEO: Doud vu Polizist no Course-Poursuite
De Parquet deelt mat, datt de 37 Joer alen Automobilist um Sonndeg gehéiert gouf. Hien huet zouginn, datt hien eng Fuite gemaach an ze vill gedronk hat.
Vun RTL
De 37 Joer ale Mann, deen am Norde vum Land lieft a Chef vun engem Betrib ass, gouf ugeklot wéinst Homicide involontaire a Coup et Blessures involontaires. Dat wéint sengem Refus, fir bei der Policekontroll stoenzebleiwen. Duerch seng Fuite wier et zu der Course-Poursuite mat 2 Police-Ween komm, bei där ee Polizist ëm d’Liewe komm ass a 4 aner Beamten méi oder manner uerg verwonnt gi sinn.
Hie gouf an Untersuchungshaft gesat. D’Enquête geet virun, mee och d’Enquête vun der Generalinspektioun vun der Police.
Hei d’Schreiwes vum Parquet:
Communiqué du parquet de Diekirch concernant l’accident mortel du 14 avril près de Lausdorn sur la N7
L’excès de consommation d’alcool du chauffeur étant établi, le parquet entend souligner que la circulation en état alcoolisé ou en excès de vitesse est constitutif d’une infraction grave sévèrement réprimée par la loi. Ainsi le conducteur s’expose à une peine d’emprisonnement d’un maximum de 3 ans, d’une amende et d’une interdiction de conduire pouvant aller jusqu’à 15 ans (obligatoire en cas d’ivresse).
En cas d’accident occasionné en état d’ivresse ou en présence d’un excès de vitesse, le conducteur responsable encourt une peine d’emprisonnement qui peut aller jusqu’à 3 ans si la victime a subi des blessures, respectivement jusqu’à 5 ans si la victime vient à décéder des suites de cet accident.
Le véhicule qui a servi à commettre les infractions peut également être confisqué.
Schwaarze Samschdeg fir d’Police
Op der N7 sinn an der Nuecht op e Samschdeg kuerz virun 2 Auer tëscht Hengescht a Wäisswampech op der Héicht vu Lausduer am Ganze 5 Polizisten, zwee dovunner liewensgeféierlech blesséiert ginn, wéi zwee Policeween bei engem Asaz anenee gerannt sinn.
De Polizist, deen um Policeauto gefuer ass, ass nach op der Plaz u senge schwéiere Blessure gestuerwen. D’Beamtin, d’Bäifuererin, huet wéinst hiren uerge Blessuren an der Nuecht op e Samschdeg missen noutoperéiert ginn. 3 aner Poliziste si liicht blesséiert ginn. Si souzen an der Camionnette, déi an de Policeauto gerannt ass.
En Automobilist hat refuséiert, fir eng Verkéierskontroll zu Wäisswampech stoenzebleiwen. D’Beamte sinn dem verdächtege Won mat héijer Vitesse nogefuer, mat enger Camionnette an engem Auto. Bis et zu engem gewëssenen Ament zu der Kollisioun op der N7 op der Héicht vu Lausduer komm ass.
D’Police präziséiert antëscht, déi zwee Gefierer wären aneneegerannt, wéi een d’Kéier gemaach huet. D’Plaz vum Accident war nach bis e Samschdeg de Mëtteg 13 Auer gespaart.
De Miess- an Erkennungsdéngscht an de Parquet vun Dikrech waren op der Plaz. D’Inspection générale de la police gouf vum Parquet mat der Enquête chargéiert.
Wéi d’Police gemellt huet, géifen all d’Kommissariater de Fändel op Hallefmast hänken.
Den Automobilist gouf am Laf vum Samschdeg ermëttelt. Hie gouf verhaft.