PRESSE RTL.lu Polizistin 3 Deeg nom Accident nach a Liewensgefor

VIDEO: Nom Doud vu Polizist bei Course-Poursuite

2 Policeween waren dem flüchtege Chauffer jo nogefuer, en Auto mat zwee Polizisten dran an – e bësse méi spéit – eng Camionnette mat 5 Leit.

Polizistin nach a Liewensgefor

An der Camionette waren am Ganze 5 Persounen, zwee Polizisten an 3 Policeschüler.

Kuerz virun der Kräizung zu Lausduer huet den normale Policewon en Auto, dee virun hinne gefuer ass, ugehalen, fir ze froen, ob hien iwwerholl gi wär, fir also ze wëssen, ob de flüchtege Won laanschtgefuer ass. Dat war net de Fall. De Chauffer vun deem Policewon wollt doropshin d’Kéier maachen, sou d’Wort, fir zréckzefueren. Du wär wéi aus dem Näischt d’Policecamionette gerannt komm an hätt den 1. Policeauto voll erwëscht.

Am Auto ass de Chauffer nach op der Plaz gestuerwen, d’Bäifuererin, och eng Polizistin, war e Méindeg, 3 Deeg nom Accident, nach a Liewensgefor.

Am Zesummenhank mat der Sich nom Chauffeur, deen ugaange war, koum et e Samschden de Mëtten zu engem “Incident”, wéi et um Méindeg genannt gouf: Mann hat nämmlechten Auto.

http://images.newmedia.lu/rtl2008.lu/nt/p/2018/04/16/19/59b7a26ac7a5aa9edb093eda49ddf109.jpeg

Zwee Poliziste koumen nämlech du bei e Mann op seng Aarbecht, eng Metzlerei op der Wämperhaart, e Mann, deen deeselwechten Auto huet, wéi deen, dee sech nuets der Kontroll entzunn hat. De falsche Chauffeur krut gesot, hie wär festgeholl, well hien dee Mann wär, dee sech duerch d’Bascht gemaach hätt. D’Poliziste goungen doropshi mat him duerch de Buttek.

De Mann huet gesot, datt d’Beamte just hir Aarbecht gemaach hunn, ma et wier net flott gewiescht. Hie géif schonn 10 Joer hei schaffen. Hie krut Handschelle un, Alkohol an Drogentester goufe gemaach.

http://images.newmedia.lu/rtl2008.lu/nt/p/2018/04/16/19/2227b6cf49b168a6be097bc5774e7dbb.jpeg

Am RTL-Interview mam Annick Goerens

Vum Mann senger Aarbechtsplaz goung et du bei hien heem, zu engem Zäitpunkt, wéi an der Noperschaft jidderee virun der Dier war.

Wéi de Mann aus der Policecamionnette geklommen ass, mat Handschellen um Réck, hätten d’Leit hie gesinn an zwee Polizisten an Zivil virum Haus gewaart. Zu 4 wäre si mat him eragaangen an hätten hien zwou Stonne gehéiert. Nodeems hien op en Neits gesot krut, hie wär fortgefuer, hätt hie geäntwert: Ech war et net! Eréischt Zeie vum Mann hätten de Mëssel aus der Welt schafe kënnen, ma hie wär sech virkomm wéi e Schwéierverbriecher, sot de Mann um Méindeg de Mëtten.

D’Police wëll sech iwwregens nach um Méindeg dofir bei him entschëllegen.

RTL NEWS: Police an Trauer: Vill Reaktiounen no déidlecher Course-Poursuite

RTL NEWS: Doud vu Polizist no Course-Poursuite – Parquet: Fuite an Alkohol zouginn, Mann ugeklot an am Prisong

Am Kontext vum déidlechen Accident zu Lausduer, bei deem e Polizist gestuerwen ass, huet RTL iwwerdeems mam Procureur adjoint vun Dikrech geschwat.

http://images.newmedia.lu/rtl2008.lu/nt/p/2018/04/16/19/989960adde17c0bf1b33a41f0e41f15d.jpeg

© De Procureur adjoint Pascal Probst

Dem Procureur adjoint vun Dikrech no kritt de richtege Chauffeur ë.a. Homicide involontaire virgeworf, vue dass d’Police huet missen eng Course-poursuite maachen, well de Mann bei enger Kontroll, bei där hien Haltezeeche gemaach krut, gedréint hat an ugaange war.

Accident net provozéiert, mä „élément pertubateur primaire“

D’Poliziste waren dem Chauffeur dunn nogefuer, haten hien awer net méi fonnt, wouropshin et zum déidlechen Accident koum. De Pascal Probst um Mikro vun de Kollege vun RTL Telé Lëtzebuerg.  Hien huet den Accident net provozéiert, mä hie war den „élément pertubateur primaire“. Wann hie stoebliwwe wier, hat d’Police net missen nofueren an da wier et net zu deem Accident komm.

Den Dikrecher Procureur adjoint huet an engems drun erënnert, dass am Fall, wou en Accident geschitt, well de Chauffeur ze séier oder alkoholiséiert gefuer ass, an et stierft doropshin eng Persoun, d’Strofe kënne verschäerft ginn. Dat heescht, datt een eng Prisongsstrof vu bis zu 3 Joer riskéiert, wann ee sech blesséiert; vu 5 Joer, wann eng Persoun stierft.

Polizistin nach a Liewensgefor
Zwee Policeween waren dem flüchtege Chauffer jo nogefuer, en Auto mat zwee Polizisten dran an – e bësse méi spéit – eng Camionnette mat am Ganze 5 Persounen, zwee Polizisten an 3 Policeschüler.

Kuerz virun der Kräizung zu Lausduer huet den normale Policewon en Auto, dee virun hinne gefuer ass, ugehalen, fir ze froen, ob hien iwwerholl gi wär, fir also ze wëssen, ob de flüchtege Won laanschtgefuer ass. Dat war net de Fall. De Chauffer vun deem Policewon wollt doropshin d’Kéier maachen, sou d’Wort, fir zréckzefueren. Du wär wéi aus dem Näischt d’Policecamionette gerannt komm an hätt den 1. Policeauto voll erwëscht.

Am Auto ass de Chauffer nach op der Plaz gestuerwen, d’Bäifuererin, och eng Polizistin, war e Méindeg, 3 Deeg nom Accident, nach a Liewensgefor.

Source RTL.lu

 

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen