PRESSE RTL.lu Vill Reaktiounen no déidlecher Course-Poursuite

VIDEO: Police an Trauer

Wann e Beamten am Déngscht stierft, ass dat fir d’Police e Schock. D’Kollege vum Magazin hunn op déi déidlech Tëschefäll aus de leschte 40 Joer gekuckt.

Vun RTL

Et war en dramatesche Weekend fir eis Police. No der Polizistin Yasmine Grisius viru bal dräi Joer huet de Weekend nees e Beamte säi Liewen am Asaz misse loossen.

Dëst d’Kéier waren am ganze fënnef Poliziste betraff. Een ass nach op der Onglécksplaz gestuerwen. Eng zweete Beamtin gouf liewensgeféierlech blesséiert. Bei engem schwéieren Accident no enger Cours Poursuite. Déi dräi aner Beamte goufe méi liicht blesséiert.

D’Solidaritéit mat der Police direkt no deem schwéieren Accident war riseg. Honnerte Leit hunn an de Soziale Medien de Polizisten hiert Bäileed ausgedréckt. Politiker genee esou wéi Privatleit. All waren si iwwer déi dramatesch Suitte vum Accident schockéiert. Dat war awer net dat eenzegt. Dacks huet een och déi sougenannte „Thin Blue Line“ an de Profilbiller gesinn. Déi blo Linn symboliséiert op där enger Säit d’Solidaritéit mat de Polizisten. Op der anerer gëtt se als Gedenksymbol fir Poliziste benotzt, déi am Déngscht fir d‘Allgemengheet gestuerwe sinn.

An de leschten 40 Joer sinn dann elo 8 Polizisten am Asaz em d’Liewe komm.

Den 26 Dezember 1978 eskortéieren zwee Polizisten an enger VW-Camionnette eng Ambulanz. Ob der Stäreplaz kennt et zu engem Crash tëschent der Camionnette an engem Auto.

Mëttwochs Den 30 Oktober 1985,  geet en trauregt Kapitel ob en Enn. Dat vun der sougenannter Waldbëlleger Affär. Um  Haapt-Sëtz vun der BIL um Boulevard Royal an der Stad, koum et zu engem Iwwerfall.

Wou déi 3 Täter aus der Bank flüchte wollten, koum et zur Konfrontatioun mat der Police. An de Schoss-Wiessel sinn och den de Polizist Patrice Conrardy an säi Partner den Vic Leclerc verwéckelt. Een vun den Täter schéisst wéi wëll ronderëm sech. Den Patrice Conrardy gëtt vun 2 Kugele getraff a stierft nach op der Platz u senge schroe Blessuren.

Den 13  Abrëll 87. Dräi jonk Banditte briechen Owens aus dem Prisong vun Arel aus. Ob hirem Fluchtwee landen déi 3 den nächste Moien um Garer Quartier an der Staat. Si ginn an den Café Trubadour. Et fale Schëss, an de Gendaarm Lucien Do Rego gëtt déidlech vun zwou Kugele getraff.

1993 : e schwaarzt Joer fir Police an Gendarmerie.

Den 16 Februar kollidéiert de Gendaarm Pascal Hansen mat senger Camionnette an e Brécke-Potto ob der glater Diddelenger A3, a verléiert do säi Liewen. E puer Méint drop, den 19. September gëtt de Gendaarm  René Thies während enger Routine Kontroll vun engem alkoholiséierten Chauffer ugerannt, an 50 Meter widder eng Fassade geschleidert. Hie war dout ob der Platz.

Freides den 5 Juni 2015. Am Zentrum vun Dippech. Eng normal Verkéierskontroll op der Lëtzebuerger Strooss. Déi 39 Joer al Polizistin Yasmine Grisius kontrolléiert grad en Auto mat enger Defekter Luucht. En aneren Chauffer, staark alkoholiséiert, probéiert d’Kontroll z’evitéieren, dréckt op de Gas, rennt an dat 2 Gefier an blesséiert déi 39 Joer al Mamm a Polizistin déidlech. Si stierft kuerz drop un hire schwéiere Wonnen am Escher Spidol.

Den Owend am Journal gëtt dann nach e méi e genaue Bléck op den Accident op der N7 geworf an sech mat de méigleche Konsequenzen ausernee gesat.

 

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen