VIDEO – Juristesch Nospiller
Leschten Update: 19.04.2018, 20:02:44
Gëtt vun der Lëtzebuerger Justiz mat zweeërlee Mooss tranchéiert? Dat freet sech d’Wittfra vum renomméierte Lëtzebuerger Museker Petz Hartert.

De Petz Hartert ass den 3. Oktober 2017 bei engem Accident duerch e Chauffeur, dee kee Führerschäin hat, gestuerwen.
Accident ouni Permis: wou bleiwen juristesch Suitten? (18.04.2018)
Bis haut waart seng Fra nach ëmmer op eng Reaktioun vum Parquet …
No der déidlecher Course-Poursuite an der Nuecht op de leschte Samschdeg op der Héicht vu Lausduer gouf de Chauffeur vum Fluchtauto jo direkt an Untersuchungshaft gesat.
Nom Accident ouni Permis mol de Führerschäin gemaach …
Am Fall vum Petz Hartert koum den Automobilist, dee viru ronn engem hallwe Joer och nach ze séier ënnerwee gewiescht wär, awer weder an Untersuchungshaft, nach gouf dee jonke Mann soss op eng Manéier gestrooft, erkläert d’Wittfra Christiane Hartert-Seyler:
„Datt deen dunn net direkt verhaft ginn ass, ass normal, well dee war verletzt an dee koum dunn an d’Klinick. Mä wat ech net verstinn, en ass d’lescht Joer am Dezember erauskomm aus der Klinick an et geschitt einfach näischt. Deen huet souguer … En hat virdru kee Führerschäin, en hat en nach ni gemaach, e sollt en zwee Deeg nom Accident maachen, dunn ass dat an d’Waasser gefall, mä dunn huet deen d’Méiglechkeet kritt, fir am Januar de Führerschäin ze maachen, wat ech einfach net kann novollzéien, datt dat iwwerhaapt erlaabt ass.“
Aus dem Dossier vum presuméiert schëllege Chauffeur wéisst d’Fra vum Affer, dass dee jonke Mann schonn e puer Mol ouni Führerschäin erwëscht gi wier, souguer eng Kéier wär keng Poursuite lancéiert ginn. Wéi kann dat sinn?
D’Josiane Pauly, Première Conseillère am Nohaltegkeetsministère, deen fir d’Ausstellen vun Führerschäiner zoustänneg ass, erkläert: D’Scholdfro misst gekläert sinn an déi géif vun de Geriichter gekläert ginn an eréischt wann en Uerteel rechtskräfteg ass, wann also kee Recours méi ka gemaach ginn, wier d’Informatioun am Ministère an eréischt da kéint een eppes maachen. Vun deem Ament u kéint ee sech de ganzen Dossier ukucken, fir erauszefannen, ob sech eng Persoun schonn eppes zu Scholde komme gelooss huet, wat dat genee ass an ob dat ënner Ëmstänn rechtfäerdegt, engem de Permis ewechzehuelen oder een net fir de Führerschäin zouzeloossen.
„Firwat reagéiert kee vum Parquet?“, freet sech d’Christiane Hartert. Si hätt schonn iwwer hir Affekoten de Ministère an d’Justiz kontaktéiert, awer ouni Reaktioun. A wéi et dunn am Fall vun der déidlecher Course-Poursuite direkt zu enger Verhaftung koum, war d’Wittfra entsat.
„Ech fille mech vun eiser Justiz vollkommen am Stach gelooss“
Si erkläert: „Wat ech net verstinn, firwat mäi Mann – a bestëmmt och nach aner Leit, déi vläicht an der selwechter Situatioun sinn – manner wäert ass wéi e Polizist. Dat soll natierlech keng Polemik géint d’Police sinn, ech hunn en héije Respekt virun deenen, déi maachen hir Aarbecht. Mä ech fille mech vun eiser Justiz vollkommen am Stach gelooss.“
Dem Nohaltegkeetsministère sinn natierlech d’Hänn gebonnen, si kënnen just aktiv ginn, wann d’Scholdfro, wéi gesot, gekläert ass.
Op Nofro beim Parquet, goufen mir just gewuer, dass d’Enquête nach um Lafe wier. Während all der Zäit dierf de Chauffeur also riicht weider fueren.
De fatalen Accident am Oktober 2017 tëscht Biissen an dem Rouscht.© Domingos Oliveira