Parquet informéiert
Um Donneschdeg huet de Parquet an engem Communiqué matgedeelt, dass de Mann, deen den 11. Abrëll zu Bouneweg erschoss gouf, en 51 Joer alen Hollänner war.
Leschten Update: 20.04.2018, 05:58:46

8 Deeg no den déidleche Schëss zu Bouneweg huet de Parquet um Donneschdeg de Moien Detailer iwwer den Doudege matgedeelt, nodeems d’Autopsie gemaach ginn ass.
De Mann, deen zu Bouneweg vun engem Polizist erschoss ginn ass, dee wier 51 Joer al, en Hollänner, deen an Däitschland wunnt. Hie wier der Police hei am Land bekannt wéinst Infraktiounen am Verkéier an hien hätt e Fuerverbuet gehat.
An: de Mann wier vun der Policekugel déidlech getraff ginn.
D’Enquête vun der IGP geet weider, heescht et nach am Communiqué vum Parquet.