VIDEO
D’Enquête läit bei der Inspection Générale vun der Police an déi rifft d’Zeien, déi sech nach net gemellt hunn, op, si ze kontaktéieren.
De Mann, deen de leschte Mëttwoch déidlech vun enger Policekugel getraff gouf, sou steet et am Communiqué vum Parquet, war een 51 Joer alen hollännesche Staatsbierger, deen an Däitschland gewunnt huet. Hie wier der Police hei am Land generell bekannt gewiescht, dat wéinst Infraktiounen am Verkéier an en hätt e Fuerverbuet gehat.
Opgefall wier de Mann der Police dann och de leschte Mëttwoch, wéinst dem Zoustand vu sengem Gefier. E schwaarze Mercedes, dee virum Virfall schonn op der rietser Säit getéitscht war, sou en Aenzeien. Wéi d’Beamten de Chauffeur um leschte Steiwer wollten zur Ried stellen, rennt dee mat sengem Mercedes fort.
Den Auto koum aus der Richtung vun der Rue Dernier Sol an de Rond-point eragefuer. Op der rietser Säit war beim Pneu schonn alles futti, well en héchstwahrscheinlech schonn an eppes gerannt war. Dunn ass hien an d’Rue des Ardennes erofgefuer. Deen Ament, wou en erofgefuer ass, huet en eng wäiss Camionnette, déi do geparkt stoung, mat ewech geholl gehat, op der rietser Säit. Deen Ament wou en dunn ofgebéit ass, koum e Policebeamten, dee queesch iwwert de ganze Parking gelaf war, fir dem Auto hannendrun ze lafen. Ganz kuerz drop, héchsten 15 Sekonnen oder esou, hunn ech 3 Schëss héieren, esou en éischten Aenzeien.
Am Fong wollt de Polizist den Auto unhalen, fir en ze kontrolléieren, mä deen ass awer net stoe bliwwen. An du wollt hien de Polizist iwwerrennen, erkläert en zweeten Aenzeien.
Gouf du schonn eng éischte Kéier op hallwer Héicht tëscht Rond-point a Rue Sigismond geschoss?
Ech hunn als éischt e mega Pneuequietschen héieren, esou eng weider Zeien. Du sinn ech erausgelaf, fir ze kucken, wat lass war an dunn hunn ech gesinn, wéi e Polizist vun der enger Stroossesäit op déi aner gelaf ass. An e puer Sekonnen drop hunn ech direkt 3 Schëss hannerteneen héieren.
Dat eenzegt, wat ech matkritt hunn, ass dass do en Auto komm ass an dunn hei an de Bam geknuppt ass. Ech hunn awer net gesinn, datt en an e Flick geknuppt soll sinn. […] Dono hunn ech awer net méi gesinn, wat geschitt ass, ech hu just nach 3 Schëss [héieren], beschreift e weidere Mann d’Situatioun.
Op der Héicht vun der Kräizung Rue des Ardennes, Rue Sigismond kënnt et zum Face à Face tëscht dem schwaarze Mercedes an engem Gefier vun der Police. De Chauffeur op der Flucht fiert eng éischte Kéier op de Policeauto duer, fiert zeréck, hellt nees Ulaf a fiert weider, laanscht de Police Won.
De schwaarze Mercedes sträift eng Fassade, a rennt op der Platz virun der Bouneweger Kierch an e Bam. Gëtt hei nach emol geschoss? Jo seet een Aenzeien: zwee Mol souguer!
D’Enquête an den Hänn vun der Inspection Générale vun der Police leeft.
An de Message ass kloer: all Zeien, déi sech bis elo net gemellt hätten, solle Kontakt mat der Police ophuelen.
D’CSV huet dann dësen Donneschdeg gefrot, dass wéinst den Evenementer vu Bouneweg a vun der N7 de Policeminister an de Justizminister an déi zoustänneg Chamberkommissioune kommen, fir ze diskutéieren, wei d’Police an hirer Aarbecht besser kann ënnerstëtzt ginn a wéi besser ka bei sou Virfäll communiquéiert ginn.