Policereform
An der Chamberkommissioun vun der Force Publique gouf iwwert d’Reform geschwat. De Projet vun der Reform gouf an der Kommissioun ugeholl.
D’CSV huet nach emol betount, datt si den Text esou wéi en elo um Dësch läit, net géif matdroen. En Donneschdeg de Mëtteg goufen dann och dräi Amendementer, déi vun de Chrëschtlech-Soziale koumen, verworf. Déi dräi Propose goungen iwwert de Plazverweis, d’Mission de proximité an iwwert eng Antenne vum Service vun der Police judiciaire an der Stad. Mat dësen Amendementer sollt et zu méi Proximitéit tëscht der Police an de Bierger kommen an d’Reform nach méi verbessert ginn, huet et vun der CSV geheescht. De Policeminister Etienne Schneider fënnt dës Proposen allerdéngs „lächerlech“. Den Text, wéi en elo wier, géif elo schonn ënnert anerem d’Proximitéit an de Virdergrond stellen.
Datt d’CSV den Texte wéi en elo ass net akzeptéiert an och an der Plenière net matstëmme wäert, dat hätt de Minister ze veräntwerten, esou den Deputé-Maire Léon Gloden. Si géife bedaueren, dass hei absolut keen Dialog méiglech wier mat der Regierung. D’Regierung géif dacks soen, d’Oppositioun hätt keng konkret Virschléi. Hei hätt een awer ganz konkret Virschléi gemaach, déi zur Verbesserung vun deem Gesetz géife féieren, ma d’Regierung wéilt net mat op dee Wee goen, sou de Léon Gloden.
Jiddwereen, souguer de Staatsrot, géif d’Reform, wéi se elo ass, gutt fannen, ënnersträicht de Minister Etienne Schneider. Natierlech géifen et weiderhin nach ëmmer Differenze bei där enger oder anerer Gewerkschaft bei der Police ginn, eppes, dat vu vir era gewosst wier.
D’Reform ass a bleift awer fir den Etienne Schneider e risege Schratt no vir a fënnt et einfach irresponsabel, dass d’CSV esou en Text net stëmme géif, virun allem well d’Grënn „Kabes“ wieren. Och DP huet hei vun Alibi-Argumenter vu Säite vun der CSV geschwat. Den DP-Deputéierte Max Hahn léisst d’Argumenter vun der CSV net gëllen. An der Vergaangenheet hätte Policeministere vun der CSV et net fäerdeg bruecht, d’Police op den neiste Stand ze bréngen. Mat der Policereform géif een op zwee wichteg Punkten awierke kënnen. Op de Rekrutement an op Zesummeleeë vun de Kommissariater, esou de Max Hahn.
De Gesetzprojet vun der Policereform gouf dann och um Donneschdeg den Owend ofgeschloss an an der Kommissioun ugeholl.
Een aneren Dossier, deen en Donneschdeg de Mëtteg um Ordre du Jour stoung, war dann d’Reform vun der IGP (Inspection générale de la police). Déi steet och e Freideg nach emol an der zoustänneger Chamberkommissioun um Programm. Kritik gouf et hei vun der ADR. Déi gesäit nämlech ee Problem doranner, datt d’IGP vun engem Magistrat duerf presidéiert ginn, deen herno nees an d’Justiz duerf zeréckgoen. Ee Polizist dierft awer net zeréck bei d‘Police, esou der Fernand Kartheiser, deen hei ee rechtsstaatleche Problem gesäit. Bei der Reform vun der Inspection générale de la police an dem Disziplinargesetz ginn d’Amendementer fir en Avis un de Staatsrot zréckgeschéckt.