Schwéiertransporter goufe kontrolléiert
En Donneschdeg de Moien huet d’Police op der A6 Schwéiertransporter kontrolléiert.

Weider hunn 8 Camionneuren iwwerholl, obwuel op där Plaz keng Camionen hunn dierfen iwwerhuelen a 6 hu sech net un de Sécherheetsofstand gehalen.
Och zwee Schwéiertransporter si während dem Beruffstrafic iwwert d’Autobunn gefuer, dat obwuel et verbueden ass, well si mat hirer Gréisst a Geschwindegkeet de Verkéier onnéideg hemmen.
Bei 5 Gefierer war d’Luedung net richteg geséchert, dës Camione goufen immobiliséiert an hunn hir Luedung missen nei sécheren.
Bei der Kontroll ass och opgefall, dass déi mannst Fuerer hiert digitaalt Kontrollgerät richteg benotzen an esou kënnt et och zu ville Verstéiss. D’Police erënnert nach eemol drun, dass all Chauffer dem Ëmgang heimatter léiere muss.