VIDEO: Fënnef Wochen ouni Äntwerten
D’CSV relancéiert d’Invitatioun un d’Ministere Braz a Schneider, fir der Justizkommissioun vun der Chamber endlech Explikatiounen ze ginn.
De Schock sëtzt déif, grad ewéi d’Onsécherheet, engersäits well och hei bei eis dacks Uerges geschitt, mee och well keen esou richteg mat der Sprooch erausréckelt, ausser enger Rei kuerze Communiquéë vum Parquet mat éischte Fakten, hänke bis haut Fragezeichen iwwer där schwaarzer Woch.
Als Oppositiounspartei reagéiert d’CSV ronn eng Woch no de Virfäll, mat enger Invitatioun, de Minister fir Police a Justiz, Braz a Schneider sollen der Chamber Explikatioune ginn, dass dës Opfuerderung keen esou richteg z’intresséiere schéngt, reegt esouguer dee soss éischter rouege Spëtzekandidat op. De Claude Wiseler huet de 15. Mee an der Chamber gesot, dass hien op seng Froe vum 19. Abrëll 2018 nach ëmmer keng Äntwert kritt hätt.
De Laurent Mosar ënnersträicht, dass zu Bouneweg an zu Lausduer grave Evenementer geschitt wieren. Et wiere Leit ëm d’Liewe komm an do kéint et net sinn, dass d’Ëffentlechkeet, genau esou wéi d’Chamber keng Informatioune kréien, wat dann elo do geschitt wier. D’CSV géing dat net akzeptéieren an dofir hätt een elo nach eemol mat der Fauscht op den Dësch geschloen, esou nach de Laurent Mosar.
Dass d’Politik, an dësem Fall bei Ministere sech aus der Aarbecht vun der Justiz erauszehalen hunn, weess de Laurent Mosar, dat ännert awer näischt un der Fuerderung u si, sech ze presentéieren, mee ganz kloer: net eleng!
Och d’Police an de Parquet misste sech de Froe vun der Chamber an der Ëffentlechkeet stellen, et kéint net sinn, dass do keng Informatioune géingen erauskommen, betount den CSV-Deputéierte Laurent Mosar.
Hien hätt d’Impressioun, dass et alt um gudde Wëlle vun enger Partie Ministere géing feelen. D’Staatssekretärin Closener hat d’lescht Woch allerdéngs versprach, d’Uleies vun der CSV mat an hire Ministère ze huelen.