Fonction publique
Schonn dräimol huet ee sech gesinn, fir iwwert en neit Gesamtofkommes ze schwätzen, zwee weider Rendez-vous si schonn ausgemaach.

E bësse manner gutt géif ee sech bei der Form eens ginn, huet d’CGFP op Nofro matgedeelt. Am RTL-Interview huet och den zoustännege Minister Dan Kersch confirméiert, hie wär sech mat der Gewerkschaft, wat de Contenu vun der Reform ugeet, souwäit eens.
D’CGFP wéilt virun allem eppes fir déi jonk Leit an der Fonction publique maachen an dat géif sech mat den Analyse vum Minister decken. Net am Inhalt, ma an der Form hätt et Meenungsënnerscheeder ginn an dee Punkt wier elo gekläert, d’CGFP hätt do d’Positioun vun der Regierung acceptéiert.
D’Positioun vun der Regierung war an ass kloer: keng nei Negociatiounen nodeems en Accord ënnerschriwwe gouf. A keng Diskussiounen iwwer separat Aspekter vun der Reform, mä nëmmen iwwer de komplette Pak. D’CGFP hat Gespréicher ënnert dëse Konditiounen eng Zäit laang blockéiert. Esouguer zweemol en Ultimatum gesat an d’Méiglechkeet vun engem Litige ëffentlech an de Raum gestallt. Den Dan Kersch kuckt mat dëse Wierder op déi Zäit zeréck: Ultimatume wiere keng ganz gutt Iddie gewiescht, Streikundrounge géifen awer zum gewerkschaftlechen Handwierksgeschir gehéieren. D’Regierung hätt eng Positioun gehat a wier op där bliwwen, dat géif fir de Minister zielen.
D’Staatsbeamtegewerkschaft huet der Regierung hir Vue da schlussendlech awer acceptéiert. Concernéieren d’Negociatiounen dann éischter d’Struktur vun de Carrièren oder d’Paien? „Et ass béides“, esou den Dan Kersch. Also souwuel d’80-80-90-Reegelung wéi och d’Dauer vum Stage.
All Ofkommes kascht de Staat Suen. Fir de viregten Accord mat de Staatsbeamten hat de Staat 60 bis 65 Milliounen Euro virgesinn. „Et kann een och elo scho Soen, datt d’Regierung keen Accord wäert maachen, dee méi deier gëtt wéi dee vun 2016“, esou den Dan Kersch.
Et wär evident, dass net déi aktuell Chamber, mä eréischt déi nächst Chamber iwwer e méiglechen neien Accord decidéiert, esou den Dan Kersch nach.