Srel-Affär reloaded
Hie verlaangt, datt den Ofschlossrapport vun der Srel-Enquêtekommissioun suspendéiert gëtt a wëll eng Entrevue mat der Conférence des présidents …
Hien hätt e Freideg vum Dierwiechter e Bréif an de Grapp gedréckt kritt, wouran den Här Schneider eng Entrevue mat der Conférence des présidents freet – ma an engem lafende Verfaren géif et kee Sënn ginn, mat der Conférence des président zesummenzekommen. Ausserdeem géif den Här Schneider eng Suspensioun vum Ofschlossrapport vun der Srel-Enquêtëkommissioun froen. En ëffentleche Rapport ze suspendéieren, dat huet de Chamberpresident just kommentéiert mat de Wierder „en ëffentleche Rapport ass ëffentlech“. Da géif och gefrot ginn, datt déi Passagen, déi den Här Schneider betreffen, géife radiéiert ginn, dat Uleies wier un den Dateschutzbeoptragte weidergi ginn.


Hale mer fest: De Frank Schneider mengt – a protestéiert dogéint -, datt hien aus niddrege parteipolitesche Grënn als Schëllegen an der Srel-Affär behandelt gi wier, déi Affär, déi jo 2013 wéinst e sëllechen Disfonctionnementer am Srel zu anticipéierte Neiwale gefouert hat. De Frank Schneider fillt sech onfair behandelt duerch d’Memberen aus der Enquêtëkommissioun vun deemools; där hire Rapport wier falsch a géif hien diffaméieren.
Do verteidegt also ee sech mat alle Mëttelen. Datt dat elo just virun de Wale geschitt, ass wuel keen Zoufall. An inhaltlech passt et och an déi al Leier, déi viregt Regierung wier verroden a verkaaft ginn.