PRESSE RTL.lu Wou sinn d’Affäre vu Bäreldeng a vu Fenteng elo eigentlech drun?

VIDEO: Doudeg Koppel, Kugel am Bak

Am September 2016 hunn 2 Affären d’Land an Otem gehalen. Zu Bäreldeng gouf eng Koppel dout fonnt an zu Fenteng krut eng Fra eng Kugel an de Bak.

Vun RTL

Leschten Update: 08.06.2018, 07:10:06

D’Fra huet schlëmm Blessen am Gesiicht dovugedroen. Am 1. Fall gëtt e Polizist verdächtegt, am 2. Fall soll et sech ëm e Jeeër handelen.

 

Tatort Fenteng: Enn September 2016

Eng Fra sëtzt op der Terrass vun engem Appartementshaus. Se hëlt e Patt mat Kollegen.

Et fält e Schoss. D’Fra gëtt am Gesiicht getraff a gëtt blesséiert.

Bei den Deeler vun der Kugel, déi séchergestallt ginn, handelt et sech ëm en ongewéinleche Kaliber.

Aus Justizkreesser si mer elo gewuer ginn, dass den Dossier beim Untersuchungsriichter ofgeschloss ass.

De Vertrieder vum Parquet huet gefrot, dass e Jeeër wéinst onfräiwëlleger Kierperverletzung de Prozess soll gemaach kréien.

Nach ass et awer net esou wäit. Nach mussen déi zoustänneg Instanze gréng Luucht ginn, fir dass de Fall an enger ëffentlecher Sëtzung um Gericht jugéiert gëtt.

RTL-News: Kaum Zweiwel un Accident-Hypothes: Trageschen Juegdaccident zu Fenteng: Et war e Kaliber 45

 

Tatort Bäreldeng: Nach eng Kéier Enn September 2016

Eng jonk Fra an hire Kolleg ginn dout an enger Wunneng fonnt.

De Brudder vun der jonker Fra gëtt verdächtegt, eppes mat hirem Doud ze dinn ze hunn.

De Mann ass Polizist.

D’Autopsie vun den Läichen huet erginn, dass eng Vergëftung virläit.

De viséierte Polizist, déi zënter September 2016 an Untersuchungshaft sëtzt, huet eisen Informatiounen no bis haut ëmmer ofgestridden, dass hien eppes mat dësem Fall ze dinn huet.

Eng Abberzuel Rapporten an Expertisen goufen an der Tëschenzäit gemaach. Mä d’Instruktioun ass an dësem mysteriéise Fall nach net ofgeschloss.

Aus Justizkreesser heescht et allerdéngs, dass en Enn vum Tunnel a Siicht ass.

RTL-News: Schwëster a Frënd vergëft? 26 Joer ale Polizist suspendéiert an an Untersuchungshaft

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen